Radioen

On air

De Moien  |  EU-Parlament adoptéiert Mesuren fir Agrarpolitik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lyresch Crooner-Eleganz aus Frankräich

Album vun der Woch

Lyresch Crooner-Eleganz aus Frankräich

Wat huet dem Bertrand Belin seng sechst Plack "Persona" mam Ingmar Bergman sengem gläichbenannte Film ze dinn? Anscheinend net vill. Dës nei Sortie ass awer e fréit Highlight vum Joer 2019.

auto_stories

3 min

Wéi de Belin an engem Interview mat der Libération op den Titel vu sengem neien Album ugeschwat gouf, do sot hien, de Begrëff "Persona" géif him iwwerall iwwer de Wee lafen: op enger Expo zu Paräis, an de Wierker vum Schwäizer Psycholog Jung ... Kuerz, den Ausdrock "Persona" ass iwwerall, firwat also net och bei him, beim Bertrand Belin. Him hätt d'Wuert einfach gefall, "une belle coquille vide".

De Belin selwer ass am Ament och iwwerall. Zäitgläich mam neien Album publizéiert hien och säin drëtt Buch, eng Parabel op géigewäerteg gesellschaftlech Entwécklungen a Frankräich. An dann ass hien och nach responsabel fir d'Bande Originale vum Film "Ma Vie avec James Dean", an deem hien och eng kleng Roll iwwerholl huet. Mee hei geet et haut ëm seng excellent nei Plack, "Persona", déi scho zanter Mëtt 2018 ongedëlleg erwaart gouf.

Ganz séier gëtt däitlech, datt de Belin mat Wierder ëmzegoe weess. Dacks handelt et sech bei senge Lidder ëm lyresch Vignetten, déi mat Sazfatzen esou virtuos skizzéiert ginn, datt engem net seelen de Mond opstoe bleift. D'Texter zeechne sech virun allem duerch hir Schlichtheet a Raffiness aus. Sou bréngt de Belin ganz existenziell Wourechten op eng extrem kloer Manéier zum Ausdrock.

Mat ganz vill Goût kommen op der Plack eng ganz Panoplie vun Instrumenter zum Asaz. Déi dezent Produktioun suergt awer dofir, datt alles wéi aus engem Goss kléngt. Ganz prominent am Mix ass ëmmer dem Belin seng Crooner-Stëmm, déi net seelen un den Alain Bashung erënnert.

Am Track "Grand Duc" reie sech kuerz Aperçue vun enger Persoun an der Stad uneneen. Ufanks wierken dës nach ganz naiv an zoufälleg. De scheinbare "Grand Duc", deen alles gesäit an alles héiert, gëtt allerdéngs no a no als SDF demaskéiert. Och hei weist sech de Belin als geschéckte Wuertakrobat, deen ouni grouss Konschtgrëffer eng maximal Wierkung erzielt.

Ähnlech verhält et sech beim Stéck "Glissé redressé". Hei entschëllegt de Personnage sech ufanks dofir, datt en ausgerutscht ass. Seng Chute gëtt och lyresch als eng Zort Kaskad ëmgesat.

De Bertrand Belin weist sech als komplette Kënschtler, deem op dëser Plack einfach alles geléngt. Musikalesch begeeschtert hie mat schlichter an eleganter Stilsécherheet. Seng Texter si vun enger zeréckhalender Meeschterlechkeet, déi ni enttäuscht. A seng verschlossen an onopgereegte Stëmm schwätzt een direkt un. Kuerz: Dës Plack ass eng Revelatioun, déi ee sech onbedéngt eranzéie soll.