Radioen

On air

Tockcity  |  Strongboi - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ M. Ward - Migration Stories

Musek

M. Ward - Migration Stories

Eisen Album vun der Woch kënnt vum M. Ward, engem Singer-Songwriter a Gittarist aus dem Oregon, deen op senger neier Plack "Migration Stories" Country, Ambient a Pop aneneelafen deet.

auto_stories

2 min

Transparenz ass den Doud vum Pleséier, well et Pleséier nëmmen duerch Verféierung gëtt a verféieren heescht verstoppen an enthüllen. Um M. Ward, M fir Mathew Ward senger leschter Plack fänken d'Lidder dacks mat hirer komeschster Figur un a verstoppe mat engem klenge Trick hiert spéider Entfalen zu séisse Konkoktiounen. Déi vill schéin, einfach, Gittaren, elektresch an akustesch, sinn an harmoneschem Hall gezappt, dee wéi ätheresch Schieter hanner de Linnen a Pickingen dohierzitt. Liddereg Saxofone leeë sech iwwer ee luesen Zuch vun enger Batterie, wéi op "Independent Man", matten an der Plack.

Vun däischtere Folk- a Roots-Americana hieft de Song sech an New-Wave-Melodië mat iconoclasteschen, mee dach organesche Synthesizer-Gestalten. Reverberéiert Chéier leeë kosmesch Felder hanner deen einfache Songwriting, Gemaach vun de Lost Brothers an dem Ward senger Famill, déi dës Plack zu engem rouegen, mee expansiven Erliefnes maachen.

Eng Aart Space Country kënnt zustanen, dee mol d'Drifters, mol d'Mamas and Papas, mol d'60er Doo-Wop-Crooners evoquéiert an dach op modernsten Aart a Weis mam Ouer schwätzt.

Seng Inspiratioun hëlt de Ward beim klore Stärenhimmel, deen iwwer d'Joerdausenden d'Mënschen zum Reesen ugestiwwelt huet, vun de grousse Metropolen hirer Unzéiungskraaft op "Unreal City", bis hin zu enger Reprise vum ale Klassiker, iwwer de Wee no Westen "Along the Santa Fe Trail". D'Reesféiwer an de mënschlechen Elan maachen de Klang vun dëser Plack aus. Am Stil vun de Flaming Lips an den heiansdo genee esou verréckte Wilco hëlt sech de Ward all Recht op Ornamentik a stëmmungsvoll Arrangementsiddien.

Just genuch Originalitéit läit am Traitement vun dëse bal kanneregen Iddien a genuch Kraaft a senger ëmmer erëm schmeechelhafter Stëmm, fir datt een un dës Aquarell-Landschafte gleeft. Den onwarscheinleche Mariage vu Roots-Instrumenter a Synthesizeren ergëtt eng bal manieristesch Schéinheet, déi un Zäitreesen denken deet. D'Alease vun der Migratioun an dem Navigéieren no de Stäre versammele sech hei op engem Easy Listening Album, wéi een e seele fënnt a sollt genéissen, wann en da kënnt.