Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maka MC: Boom bap mat politeschem Message

Hip Hop

Maka MC: Boom bap mat politeschem Message

De Maka MC gesäit sech als musikaleschen Aktivist. Op sengem Debut-Album "Dialog" schreift de Lëtzebuerger Rapper sech 17 Lidder vun der Séil. Hien hannerfreet, klot un a léisst et knuppen.

auto_stories

2 min

De Maka MC an de BC One an der Emissioun Backstage

Dräi Joer no sengem Debut-EP presentéiert de Maka MC säin éischten Album. De Rapper huet sech déi 17 Stécker op Dialog vun der Séil geschriwwen. Seng Meenung mat engem coole Beat soen an d'Leit zum Nodenke bréngen - dat ass seng Vocatioun. Hie gesäit sech als eng Stëmm fir déi Leit, déi sech net kënnen oder wëlle fräi äusseren.

Fir d'Beats ware ganz ënnerschiddlech Beatmaker responsabel, dorënner och de Corbi. "Meng Musek soll Villfalt representéieren," seet de Maka MC. De roude Fuedem ass, datt d'Beats op Sampele vu Soul-, Funk- oder Jazz-Placke baséieren. "Déi Samples vun ale Placken huele mech mat, an do kann ech mech wierklech emotional drop austoben. Et sinn also éischter Boom bap Oldschool-Beats. Dat knuppt ëmmer gutt." All d'Stécker si Kollaboratiounen a sinn am Dialog zwëschent dem Maka MC an dem jeeweilege Produzent.

De Maka MC steet kenger politescher Partei no, hie gesäit sech awer als Aktivist. "Ech huelen d'Musek fir verschidden Themen opzegräifen, ze beschreiwen an ze hannerfroen." De Rapper beschäftegt sech op Dialog ënner anerem mat der Flüchtlingsfro, mat Friemenhaass an der politescher Verdrossenheet vun der Gesellschaft.

Zesumme mat sengem Rapper-Kolleg BC One war de Maka MC den 20. Abrëll Invité an der Emissioun Backstage.