Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Cadillac an den Ofgrond

Nei Single vu Leen - Black Hole Summer Song

Mam Cadillac an den Ofgrond

Mam Cadillac duerch d'Sonn fueren - esou stellt ee sech e Summer-Song vir. An enger neier Single erfuerscht de Lëtzebuerger Sänger Jimmy Leen zesumme mam Hip-Hop-Produzent Jacques Rasic déi däischter Säit vun eisem Summer-Spaass. De Marc Clement huet mam Jimmy geschwat.

auto_stories

1 min

Den Jimmy Leen ass Sänger vun der Rockband Mad Fox an als Leen och Solo ënnerwee. Fir d'Produktioun vu senger neier Single huet de jonke Lëtzebuerger frësche Wand erabruecht a mat engem Hip-Hop-Produzent zesummegeschafft, dee Verschiddener vu Freshdax oder T The Boss kéinten am Ouer hunn, Jacques Rasic mam Numm.

Wéi ee Summersong mat engem däischteren Ënnertoun hëlt d'Lidd eis Spaassgesellschaft an d'Gebiet a luet an, och eemol un eise Planéit ze denken. D'Produktioun ënnersträicht dësen "duebele Buedem", mat gudde Summervibes, déi ënner hirer Séisst och eng Portioun Zynismus duerchschénge loossen.

De Video, komplett mat Cadillac, gëtt et hei ze gesinn: