Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Hot Chip an enger Bidde voller Euphorie

Synth-Pop

Mat Hot Chip an enger Bidde voller Euphorie

"D'Geheimnis vun eiser Live-Presenz ass d'Diversitéit vun eise musikalesche Goûten", seet de Felix Martin, Synthie-Spiller bei der brittescher Synth-Pop Band Hot Chip. Mat enger Indie-Rock Attitüd wiere si un déi elektronesch Musek erugaangen, a wieren esou enger strenger Show à la Kraftwerk oder enger lassgeléister, typesch elektronescher Bünepresenz entkomm.

auto_stories

2 min

"Mir kultivéieren de Lo-Fi a spille gäre selwer op der Bün, och wann et ee Mythos ass, datt mir do vill improviséieren. Mir studéieren eise Set an, genee wéi all Bands.", seet de Felix Martin.

Hire Ruff wat Songwriting betrëfft steet dobäi esou héich am Cours, datt si rezent kontaktéiert goufen, fir um Katy Perry hirer leschter Plack matzeschreiwen. "Spell", hir eege Leadsingle zum neisten Hot Chip Album "Bath full of Ecstatsy" ass zum Beipill ee Stéck, dat fir d'Friemverwäertung verworf gouf an zeréck an d'Hot Chip Diskographie gerutscht ass.

Foto: picture alliance / NurPhoto / Mairo Cinquetti

Fir d'Produktioun vun der Plack haten Hot Chip ënner anerem mam Philippe Zdar zesumme geschafft, a bei der Aarbecht staark mat him connectéiert. Datt de Zdar éischter dëst Joer an engem ongesécherte Gebai a säin Doud gefall ass, wier fir d'Band den trageschen Avortement vun enger wäertvoller, neier Partnerschaft gewiescht, esou de Felix Martin.

"Eis Placke verkafen sech net wierklech vill, mee mir sinn eng Aart Kultband fir eise Publikum, an dat geet eis duer. Mir kënnen an der ganzer Welt Concerte spillen, eppes wat mer elo schonn e puer Joer net méi gemaach hunn. Et deet gutt, erëm mat Leit aus aller Welt zesummen ze kommen."

Hot Chip huet nach weider Songs vun de "Bath Full of Ecstasy" Sessions, déi prett sinn erauskommen. Dëst soll zesumme mat neiem Material, dat no der Tour soll opgeholl ginn, deemnächst geschéien.

"Ech selwer preparéiere mech drop, mat menger Fra an hiert Heemechtsland Dänemark ze plënneren. De Brexit ass fir Museker schwiereg. Ech erkennen dat Land, an deem ech opgewuess sinn, net méi erëm, a wëll hei keng Kanner grousszéien", esou de Martin weider. Een onopgefuerderte Commentaire iwwregens.

Foto: picture alliance / NurPhoto / Mairo Cinquetti

International, rhythmesch a baschtend vu Variatioun: Hot Chip hunn op hirer leschter Plack gewisen, datt si nach Saachen ze soen hunn. Op engem Hot Chip Concert seng Been roueg ze halen, ass op jiddwer Fall ganz schwéier.

Wann Dir d'Band wëllt live erliewen, den Atelier huet si e Mëttwoch den Owend zu Besuch. Mir hunn am Virfeld vum Concert mat der Band geschwat:

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow