Radioen

On air

De Moien  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - Crosswalk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

Sample vun der Woch

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

1963 kennt den historeschen hindi Film "Taj Mahal" vum Mohammed Sadiq eraus. De Film bleift ausserhalb vun Indien gréisstendeels onbekannt, mee huet als Bollywood Musical en grousse Succès. D'Musek gouf geschriwwe vum Roshan Lal Nagrath.

De geléierte Museker ass 1948 op Mumbai geplënnert fir Aarbecht an der Filmmusek ze fannen. No enger Zäit gëtt hien de renomméiertste Filmmusek-Komponist vu senger Zäit. Säi Markenzeechen ass e Mix vu folkloristescher a klassescher indescher Musek.

Am Musical "Taj Mahal" sinn déi meescht Lidder vum Mohammed Rafi and Lata Mangeshkar interpretéiert, ausser am Lidd, ëm dat et haut geet, an zwar "Chandhi Ka Badan", gesonge vum Meena Kapoor.

Am Joer 2002 bréngt den Erick Sermonn "React" als éischt Single vu sengem fënneften Album eraus a benotzt genau dëse Sample. De Beat ass vum Just Blaze komponéiert, an den Erick Sermon rappt hei zesumme mam Redman driwwer.

Wat huet wuel dozou gefouert, datt den Just Blaze sech en indesche Bollywood-Film vun 1963 vun 2h30 eranzitt, an no annerhallwer Stonn sech e op eemol seet "Hey, ech schneiden déi véier Sekonne Stëmm mol eraus, déi ech net verstinn, mixen et mat engem fette Beat, a loosse meng Homies driwwer rappen"?

Ferm Kritik vun der indescher Communautéit

Dat ass warscheinlech ganz op dem Just Blaze säi Beatmaking-Genie zeréck ze féieren. Mee no enger Zäit ass erauskomm, datt de Blaze de Soundtrack vun "Taj Mahal" gesampelt huet, an hien huet ugefaange vun der indescher Communautéit kritiséiert ze ginn.

Firwat? Ma ganz einfach, déi genau Iwwersetzung vum deem gesampelten Deel, dee vun der Sängerin Meena Kapoor op indesch gesonge gouf (Kisi Ko Khudkushi ka shok ho tow uh huh kya kare) ass op Lëtzebuergesch iwwersat: "Wann iergendee sech selwer well ëmbréngen, wat kënnt Dir do maachen?".

Vu datt de Sermon jo keen indesch versteet, rappt hien doropshin a sengem Lidd "Whatever she said, then I'm that", wat souvill heescht wéi "Egal wat hatt gesot huet, ech sinn dat", dat huet et eigentlech nach méi schlëmm gemaach.

Um Endeffekt ass et awer déi erfollegräichst Single vum Erick Sermon zesumme mam Redman ginn, an ass nach ëmmer e bekannte Klassiker, dee gär op Hip-Hop-Partie gespillt gëtt.