Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Melancholie an Hoffnung

Disk vum Lisa Berg

Melancholie an Hoffnung

D'Lisa Berg huet Leukemie. Doraus huet d'Cellistin kee Geheimnis gemaach. Hiren Debut-Album "White" koum den 11. November eraus. Een Dag, ier si fir eng Transplatatioun an d'Spidol goung.

auto_stories

4 min

Lisa Berg um Cover vu "White"

Fir vill Leit ass d'Lisa Berg ee Synonym fir 'Cello'. Si selwer ka sech ee Liewen ouni Cello och guer net virstellen: "Wat wär ech Aneschteres ouni mäin Cello. Ech ka soss näischt, fir éierlech ze sinn."

Improviséiert Kompositiounen

Obwuel d'Lisa schonn op villen Disken als Cellistin ze héieren ass, ass "White" hiren eigentlechen Debut-Album. Um Disk ass just den Cello ze héieren. D'Musekerin huet vill verschidde Spure mat hirem Instrument live iwwerteneen opgeholl, fir deels verdreemten a lëfteg, deels ganz kompakt an dicht Klangkonstrukter ze schafen.

D'Kompositiounen op "White" sinn iwwert eng Period vun zwee Joer entstan. D'Lisa huet eng improvisatoresch Approche. Si fänkt u mat enger Basslinn oder enger Melodie, zu där no an no weider Elementer entstinn.

Dës Manéier fir ze schaffen ass am Beräich vun der Rock-Musek wäit verbreet. D'Resultat ass dofir och nëmme schwéier zwëschent Neo-Klassik, Pop a Filmmusek ze klasséieren. Vun Tirangs-Denken hält d'Musekerin, déi regelméisseg mat Artisten aus Beräicher wéi Rock, Pop, Chanson an elektronesch Musek kollaboréiert, souwisou näischt.

De Studio vum Peter Gabriel

Fir d'Opname war d'Lisa Berg an d'Real World Studios zu Box am Süde vun England. De Peter Gabriel hat eng al Mille virun 30 Joer als modernen Tounstudio ëmgebaut. Zënterhier hu vill bekannte Museker hei geschafft. Och e lëtzebuerger Sänger a Songwriter Daniel Balthasar hat säin Album "Everything Is Temporary" zu Box agespillt.

Et war der Lisa Berg wichteg, fir aus Lëtzebuerg erauszegoen, fir den Disk ze produzéieren. Et wär wichteg gewiescht, net ze no vun doheem ze sinn, fir kënnen ofzeschalten a sech op d'Musek ze konzentréieren.

Krankheet als Chance gesinn

D'Lisa Berg gouf am Juni mat Leukemie diagnostizéiert. Doraus huet si vun Ufank u kee Geheimnis gemaach. Virun allem iwwer Facebook ass si un d'Ëffentlechkeet getrueden, huet iwwer d'Krankheet geschwat, huet sech fotograféiere gelooss an e Video gedréint, wou ee si am Spidol gesäit Cello spillen. Well all déi geplangten Optrëtter hu missen annuléiert ginn, wollt si oppe sinn, fir Rumeuren z'evitéieren.

"Ech gesinn och vill Chancen un där Krankheet, well een einfach d'Liewen nei iwwerdenkt. A kuckt: wat ass wichteg." Well duerch d'Stammzellen-Transplantatioun de Kierper quasi op Null gesat kritt, d'DNA a villäicht och d'Bluttgrupp ännert, kéint och d'Approche zum Cello-Spill eng nei ginn.

D'Lisa Berg huet de Verlaf vun der Krankheet dokumentéiere gelooss ©Jeanine Unsen

Den Album "White" koum den 11. November 2015 offiziell eraus. Nomëttes war si Invitée beim Yves Stephany an der Emissioun Backstage. Een Dag, ier d'Lisa fir d'Stammzellentransplatatioun an d'Spidol goung.

Dir kënnt den Disk direkt um Site vun der Artistin kafen: http://lisaberg.lu/