Radioen

On air

Espresso Beats  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mike Butcher: De Mann, dee "Midnight Love" opgeholl huet

Pop-Geschicht

Mike Butcher: De Mann, dee "Midnight Love" opgeholl huet

"Midnight Love" vun 1981 ass dee leschten Album vum Marvin Gaye. Den Disk gouf vum amerikanesche Sänger selwer produzéiert, an hien huet quasi all d'Instrumenter selwer agespillt. Bei Marvin Gaye am Studio war den Tountechniker Mike Butcher. Hie schwätzt mam radio 100,7 iwwert de Produktiounsprozess vum Album an iwwer de Genie vum Marvin Gaye.

auto_stories

8 min

De Mike Butcher huet dem Marvin Gaye säi Album "Midnight Love" opgeholl, an duerno och um Mix geschafft. Den Englänner, deen 1952 gebuer gouf, wousst scho ganz fréi, datt hie wollt a Studioe schaffen. Säi Papp war Museker an Arrangeur. "Hien huet mech an de 60er Joren dacks mat a Studioe geholl". Mat Zwielef hätt hien een Tountechniker gesinn, dee cool ugedoe war a virum Mëschpult gestanen hätt. "Ech hunn him bei der Aarbecht nogekuckt a sot zu mengem Papp: 'dat do wëll ech och maachen'". 1970 huet hien an de Morgan Studios zu London als Assistent ugefaangen. Am Laf vu senger Carrière huet hien Artiste wéi Arno, Paul McCartney oder Black Sabbath opgeholl.

Y.S.: Wéi ass et dozou komm, datt Dir op der Produktioun vu "Midnight Love" geschafft hutt?

M.B.: Ech hunn déi Zäit an der Belsch gewunnt. Ech hat an de 70er Joren eng Rëtsch Saache vum belsche Sänger Arno opgeholl, deen de Sänger vun der Band TC Matic war. Hien ass vun Ostend. Wéi de Marvin mat sengem spéidere Manager Freddy Cousaert op Ostend koum, huet hien den Arno gefrot, ob hien een Tountechniker kéint recommandéieren. An den Arno huet mech uginn.

Enges Daags krut ech en Telefon vun engem Typ mat flammänneschem Accent. Hie sot "Ech sinn dem Marvin Gaye säi Manager. Dir gouft als Tountechniker recommandéiert. Sidd Dir interesséiert?" Ganz éierlech: Ech hunn dat bësse komesch fonnt. Mä ech sinn ee frëndleche Mënsch, dofir sot ech Jo. Hie sot, hie géif sech mellen. Uganks Dezember 1981 huet de Freddy Cousaert nees ugeruff. Hie sot, si wiere prett fir an de Studio ze kommen. Mir hunn e Rendez-vous fir den Dag drop ausgemaach.

Ech hunn am Studio gewaart, an op eemol koum de Freddy Cousaert eran. An direkt hannert him de Marvin Gaye. Sou huet et ugefaangen.

Dir waart also vun Ufank un un der Produktioun bedeelegt?

Hien hat doheem Demoen op Kassett opgeholl. An hien hat d'Drums programméiert. Déi éischt dräi Lidder ware preparéiert. Domat hat ech näischt ze doen. Mä vun deem Moment un, wou hie bei mech an de Studio koum, hunn déi eigentlech Opnamen ugefaangen.

"Midnight Love" ass en historeschen Album. Virun allem well sou vill Aflëss beienee kommen. Natierlech héiert een dem Marvin Gaye säi Soul-Background, mä et ass Synth Pop dran, elektronesch Musek, Reggae, Disco a vill aner Genren. Wousst Dir, a wéi eng Richtung et géif goen, wéi Dir ugefaangen hutt, um Album ze schaffen?

Ech hat keng Ahnung, wat géif geschéien. Obwuel ech zu där Zäit scho vill Erfahrung am Studio hat, well ech jonk ugefaangen hunn, war de Marvin e Rätsel fir mech. A wann ech vun engem ka behaapten, datt et e Genie ass, dann ass dat de Marvin Gaye.

Vill Artisten huele fir d'éischt eng sougenannte "Guide-Stëmm" op. Doduerch wëssen alleguer d'Leit, déi un den Opname schaffen, wéi d'Lidd geet. Hien huet dat ni gemaach. Ech hunn also just Instrumenter héieren, déi hie gespillt huet, awer ech hat keng Ahnung, wat d'Gesanksmelodie wier. Eréischt wéi hien um Enn säi Gesank opgeholl huet, hunn ech d'Arrangementer verstanen. Dee Moment, wou hien am Studio stoung an ugefaangen huet mat sangen, huet alles Sënn gemaach.

Hien hat also de Plang a sengem Kapp?

Ech gi lo net an technesch Detailer, mä fir Museker ass et villäicht interessant. D'Drum Machine war eng TR-808. Si war, bis bei engem Lidd, ëmmer mat engem Muster programméiert. Dat hu mir fir d'éischt opgeholl. Bis op d'Gittar huet hie bal alles selwer agespillt. Spéider goufen nach Bléiser a Perkussioun an de States opgeholl. Awer am Ufank huet hien alles selwer opgeholl.

Meeschtens si Lidder jo ganz straight; et versteet ee, wou de Couplet an de Refrain sinn. Mä hie schwieft vun engem Deel an deen aneren. A mat just de Backing Tracks hat ee keng Ahnung, wou een dru wier. Soubal d'Stëmm dobäi koum, huet alles Sënn gemaach.

Wann hien un engem Synthesizer-Deel geschafft huet, souz hien heiansdo fënnef Minutte mat zouenen Aen do, an hien huet nogeduecht. An da sot hien "Ok, Mike, lo kanns de ophuelen." Well hien huet all d'Stëmmen a sengem Kapp héieren. Dofir huet alles gepasst, wann hie se opgeholl huet.

Dat heescht, hien huet näischt opgeschriwwen oder am Viraus opgeholl?

Neen. Ier hien den Haaptgesank opgeholl huet, hunn ech him e Roughmix op Kassett ginn. Doheem huet hie Brouillonen op e Ghettoblaster gesongen, déi hie mat an de Studio bruecht huet. Fir sech drun z'erënneren, wat hien doheem ausgeschafft hat.

Dir hutt scho vun der TR-808 geschwat. Dës Drum Machine ass haut nach ëmmer ee wichtegt Instrument a ville Produktiounen. An net nëmmen an elektronescher Musek. Dëst Instrument héiert een op all Stéck op "Midnight Love". D'TR-808 war zu där Zäit ganz nei um Marché. Hutt Dir gär domat geschafft?

Neen. Fir mech huet et wéi eng Demo-Maschinn geklongen. Eppes, wat d'Leit fir Demo-Opname benotzen an net fir seriö Musek. Hei gëllt och dat nämmlecht wéi bei de Stëmmen: Du héiers e Groove an der Drum Machine. Mä en ass ganz kal. Haut schaffen déi meescht Leit mat Computeren. Do gëtt alles "quantiséiert". Dat heescht, et ass alles wierklech prezis op där richteger Plaz. Mä de Marvin Gaye huet alles vun Hand agespillt. Mir haten deemools keng Sequenceren. Dat huet dat ganzt méi "natierlech" gemaach. Well och d'Bass-Linnen agespillt goufen, an hien hat e richtege Gittarist.

Mä während den Opname koum déi aller éischt LinnDrum eraus. D'LinnDrum war déi éischt Drum Machine, déi no Trommele geklongen huet. Ech duecht, wann den Album géif erauskommen, géif e schonn almoudesch kléngen. Mä et ass genee de Géigendeel geschitt. Dësen Album ass elo eng Referenz fir Leit, déi de Sound vun der TR-808 gären hunn. Hie war deen éischte Mënsch, deen eng Drum Machine net sou programméiert huet, wéi e Batteur géif spillen. Dat war him egal. Hien huet seng eege Grooves geschaaft. Wann d'Snare op engem anere Schlag war, war dat him egal. Hie wollt einfach eppes, fir kënnen drop ze sangen.

Hutt Dir deemools probéiert, fir eng richteg Batterie opzehuelen?

Säi Live-Drummer hat een Track agespillt. Mir hunn alles opgeriicht, d'Batterie opgeholl. An de Marvin Gaye sot: "Ah jo, dat wat wierklech gutt. Läsch et, Mike!"

Dat heescht, hie wollt dee Sound vun der 808?

Ech mengen, hien hat sech sou dru gewinnt, datt hien näischt wollt, wat géif oflenken.

D'Stécker "Turn On Some Music" an "Third World Girl" funktionéieren net no engem klassesche Pop-Schema mat Couplet a Refrain. Si hu méi eng fräi, oppe Struktur, wou een net genee weess, wou et hi geet. Dir hat mir gesot, déi Stécker géifen Iech am beschte gefalen. Ass dat Ärer Meenung no dee richtege Marvin Gaye?

De Marvin huet "Sexual Healing" net ganz eleng geschriwwen. Déi aner Stécker si komplett vun him. Bis op "My Love Is Waiting", dat ass vum Gittarist.
"Turn On Some Music" ass dat alleréischt Stéck, dat mir opgeholl hunn. Dat ass e pure Marvin-Gaye-Song. Do spiert ee seng Séil.

De Mike Butcher am Studio

Wéi géift Dir de Marvin Gaye als Mënsch beschreiwen?

Wéi ech ugefaangen hu mat him ze schaffen, huet den Odell Brown, dee "Sexual Healing" mat him geschriwwen huet, an deen de Marvin zënter Jore kannt huet, mech gewarnt. "Mike, hien ass eng "Pain in the ass". Looss dech net vun him kommandéieren. Si haten ëmmer direkt Sträit.

Ech hat vill Erfahrung, an ech war gutt a mengem Job. Ech hunn acceptéiert, datt de Marvin e staarke Charakter hat. Ech si ganz gutt mat him eens ginn. Anscheinend besser, wéi déi meescht Tountechniker.

Um Enn vun den Opnamen, wéi mir an Däitschland waren, wollt hien e Backing-Gesang ophuelen. Ech hu gefrot, wéi eng Pist ech soll benotzen. Dunn huet hie gejaut: "Ech stinn ënner Stress, du muss dech drëm bekëmmeren!" Wéi hien duerno an d'Regie koum, huet hie sech entschëllegt. Den Harvey Fuqua sot: "Ech kennen de Marvin scho ganz laang, ech hunn hien nach ni gesi sech entschëllegen." Also, mir si gutt mateneen eens ginn. Et ass eng Fro vum Charakter, wéi een domat ëmgeet.

Awer natierlech war hie mat Momenter eng "Pain in the ass". An hie war bekannt dofir. Well hien de Moment vun den Opname fir "Midnight Love" keng Sue méi hat, a well hien an der Belsch gelieft huet, huet hien net vill Droge geholl. Dat war säin Ënnergang, wéi hien zréck an d'USA gaangen ass. Kuerz nodeems ech den Album opgeholl hat, sinn ech zréck a Groussbritannien liewe gaangen. Natierlech hunn ech de Leit erzielt, datt ech de Marvin Gaye opgeholl hat. Du muss dech jo verkafen. An dunn hunn ech lauter Geschichte vun him héieren. Vu Leit, déi ronderëm d'Opnamstudioen hänken, Dealeren a sou weider. Si soten: "Oh jo, mir kennen de Marvin!" Hien hat e ganz schlechte Ruff. Ech géif net soen, datt hie guer keng Droge geholl huet, wéi hien zu Ostend war. Mä hien hat keng Suen. Dofir war hie vill méi cool. Déi leschte Kéier, wéi ech hie gesinn hunn, sot hien: "Mike, ech weess, datt ech sollt an der Belsch bleiwen. Dat wier méi gesond fir mech."

Mä hie goung zréck an d'States a gouf nees an déi ganz Zeen verwéckelt. Dat war mat den Ausléiser dofir, datt säi Papp hien erschoss huet. Well säi Papp dat net gepackt huet.


Den 21. Dezember 2017 huet den Yves Stephany sech viru Publikum mam Mike Butcher ënnerhalen. Dat ganzt Gespréich kënnt Dir hei lauschteren:

Mike Butcherplay_arrow