Radioen

On air

De Moien  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - Crosswalk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Millen Sessions

Gesellschaft

Millen Sessions

An der Bungerefer Millen, wäit ewech vun allem, waren dëse Summer sechs Concerten. Organiséiert a gefilmt goufen des Renconteren tëschent Museker an Demandeurs d'asile vun der Associatioun "Mir wëllen Iech Ons Heemecht weisen." De Marc Clement huet mat de Bedeelegten iwwer de Projet geschwat.

auto_stories

1 min

Sechs Filmer, an Zeen gesat vum Regisseur Thierry Besseling, dokumentéieren de Projet Mille Sessions, deen dëse Summer op der Bungerefer Millen organiséiert gouf. Am Kader vun der Associatioun "Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen" huet de Serge Tonnar sechs Lëtzebuerger Museker zesummegesicht, déi bereet waren, fir de Bewunner vun der Millen ee Concert ze spillen.

D'Bungerefer wëssen: Scho laang ginn an der niddergemaachter Mille mat ugrenzendem Wunnhaus demandeurs de protection internationale opgeholl a betreit. Eng vläicht friem Presenz, där een awer gutt aus dem Wee goe kann, well d'Millen eng Partie Kilometere vum Duerf ewech läit. Ze gutt, vläicht. Déi Bedeelegt erklären d'Suerg, déi am Kär vum Projet läit an iwwer eng Isolatioun, déi zwou Säiten huet.