Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minnetter Jonge mat Banjo, Mandolinn a Gei

Zero Point Five annoncéieren neien Album

Minnetter Jonge mat Banjo, Mandolinn a Gei

Zanter zéng Joer existéiere Zero Point Five. Dofir gëtt am Hierscht gefeiert. Aus hirem zweete Longplayer presentéiert d'Lëtzebuerger Folk Pop Formatioun déi éischt Single "Breeze".

auto_stories

2 min

Zero Point Five spillen interessant Instrumenter. Banjo, Mandolinn a Gei droen dozou bäi, datt hir Pop Lidder méi speziell kléngen. Si hätte sech um Bluegrass inspiréiert, erklären d'Museker.

"Du kéins deen trauregsten Akkord spillen um Banjo, an d'kléngt awer nach ëmmer iergendwéi frou", seet de Kiko Menichetti. Et bräicht ee just laang fir d'Instrument ze stëmmen.

De Sound aus dem Süden

2009 gouf d'Band am Minett gegrënnt. Nom éischten Album "Stories From The Bar Downtown" (2014) an dem EP "Southbound" (2016) presentéiere si den 31. Oktober hiren neien Album an der Rockhal. "Mir hunn dee 'Southern Breeze' genannt, fir bëssen an deem südlechen Ambiente ze bleiwen", seet de Gilles Saracini.

An där éischter Single-Auskopplung "Free" sinn elektronesch Beats ze héieren. Deen Afloss kënnt vum Chris Reitz, dee Gei spillt. "Ech maache bësse méi elektronesch Musek, an do ass dat natierlech eragefloss. A si waren direkt begeeschtert, dofir hu mir dat a verschiddene Lidder agebaut."

D'Release-Party an der Rockhal markéiert och den zéngte Gebuertsdag vu Zero Point Five. "Also et gi genuch Grënn fir ze feieren a mat ze sangen."


De Kiko, de Gilles an de Chris am Gespréich mam Marc Clement

Lauschterenplay_arrow