Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Natalie Prass - The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek fir der Hierschtsonn entgéint ze schmunzelen

Connan Mockasin - Jassbusters

Musek fir der Hierschtsonn entgéint ze schmunzelen

Mir hunn et gepackt, d'Wahle sinn eriwwer. Zäit fir eng Kéier déif duerch ze ootmen. Eisen Album vun der Woch kann dobäi hëllefen. Entspaant Iech, schalt e Gank zeréck a setzt e Grinsen op. Den Yves Stephany presentéiert dem Connan Mockasin säin neien Album "Jassbusters".

auto_stories

2 min

De Connan Mockasin ass e komesche Kauz. De blonden Neiséilänner ass provokativ, witzeg, kitscheg a bizar. Dat huet de Sänger a Gittarist op bis ewell dräi Solo-Placken an enger Rëtsch Kollaboratiounen ënner Beweis gestallt. Ganz reusséiert war notamment säin 2016 Projet "Soft Hair", zesumme mam Sam Dust vu Late of the Pier.

Rezent huet hien och mat Artiste wéi der Charlotte Gainsbourg oder MGMT un hire leschten Albume geschafft. Och mam britesche Sänger a Producer James Blake war hien am Studio.
Dem Connan Mockasin seng Musek ass onverkennbar. De Gesang ass ëmmer gutt schmalzeg, d'Gittaren ëmmer liicht schif an de Groove nonchalent awer ëmmer total op de Punkt.

Den neien Album "Jassbusters" ass e richtege Band-Album. All iwwerdriwwe Produktiounsmëttelen, déi ee bis elo kannt huet, wéi den typesche Reverb, goufen op der Säit gelooss, an den organesche Sound vun den Instrumenter a Stëmme steet ganz am Fokus. E staarkt Grondrausche vun der Bandmaschinn suergt fir den néidege Proufsall-Effekt.

Tëschent Prince a Zappa navigéiert den Neiséilänner seng komesch Stëmm, d'Grooven erënnere mat Momenter un JJ Cale. Woubäi d'Zappa-Parallellen net just beim Sound vun der Stëmm an der Weirdness vun de Kompositioune kënne gezu ginn. Inhaltlech erënnert den "Jassbusters" zum Deel un Episoden aus dem Zappa senger Rock-Oper "Joe's Garage". Virun allem wat sexuell Konnotatiounen ugeet.

D'Konzept vum Album erkläert de Conan Mockasin an Interviewe folgendermoossen: Jassbusters ass eng Band vu Museksproffen. An ee vun hinne fänkt eng Liebesrelatioun mat engem Schüler un. Fir den Album och visuell ze illustréieren huet de Connan Mockasin eng Rëtsch Kuerzfilmer realiséiert, déi verspriechen en herrleche Spaass ze ginn.

Den eenzegen UFO am Album ass den Titel "Momo's" - eng Kollaboratioun mam James Blake. Den Titel ass zwar ganz reusséiert, e passt awer net wierklech an dee soss kohärente Konzeptalbum. "Jassbusters" ass de perfekten Album fir der Hierschtsonn entgéint ze schmunzelen an den Nonsens vum parteipolitesche Wahlkampf mat wonnerbar relaxem musikaleschen Nonsens ze ersetzen.