"De Message ass ganz kloer, datt een och mat mentalen Trouble kann eng Mark am Liewen hannerloossen", esou de Pol Belardi, deen domat beoptraagt gouf ee Concert ze koordinéiere fir d'Ligue luxembourgeoise de l'hygiene mentale, déi am Moment eng Semaine de la santé mentale organiséiert.
Aus der Wierker vum Club of 27, mee och vun anere Museker, déi mat hirer mentaler Gesondheet ze kämpfen haten, huet sech séier eng Selektioun vu Lidder erauskristalliséiert, déi de Pol Belardi nei arrangéiert huet. Janis Joplin, Nick Drake, Bon Iver, Jimi Hendrix, Amy Winehouse a vill anerer ginn esou nei interpretéiert vun der Ekipp.
Et sangen d'Claire Parsons, de Pascal Useldinger, an de Sven Sauber, deen och d'Gittar spillt. D'Ananata Roosens spillt Gei, d'Nicole Miller Alto, d'Annemie Osborne Cello, de Sebastian Flach ass op der Bass, den Niels Engel op der Batterie an de Pol Belardi um Piano.
De Concert "Club of 27" kënnt Dir dëse Samschden, 10 Oktober em 8 Auer am CAPE zu Ettelbréck erliewen, oder awer am Stream doheem genéissen op www.semainesantementale.lu.