BSO Resound "Musek kennt keen Handicap"

E professionellen, musikaleschen Ensembel, dee just aus Musekerinnen a Museker mat Behënnerung zesummegesat ass, ënner der Leedung vun engem Chef mat Behënnerung - dat ass de Resound Ensemble vum Bournemouth Symphony Orchestra. Den Orchester mécht vir, wéi Inclusioun ka gelieft ginn.

Yves Stephany

James Rose - Proms In The Park 2018
Den James Rose dirigéiert de Resound Ensemble (Foto: Graeme Robertson)

Den James Rose ass staark kierperlech beanträchtegt - hien ass op de Rollstull ugewise fir sech fortzebeweegen, an am Alldag kann hie just mat Hëllef vun engem Assistent iessen, sech undoen an op d'Toilette goen. Wann hie schwätzt ass hien nëmme ganz schwéier ze verstoen. Awer den James ass Dirigent vum Resound Ensemble vum Bournemouth Symphony Orchestra.

Den Orchester huet decidéiert, Behënnerung net als medezinesche Problem ze betruechten, mee et vun engem soziale Point de vue ze gesinn. Et wier d'Gesellschaft, déi dës Mënsche behënnert, well een net de richtege Wee fonnt hätt fir mat hinnen ze kommunizéieren, seet d'Lisa Tregale. Si ass Responsabel beim Orchester fir alles, wat sech baussent de Mauere vun de Concertssäll ofspillt.

Inclusioun am Orchester

De Resound Ensemble war eng Initiativ, déi opgrond vun engem nationale Fërderprogramm fir d'Inclusioun vu Minoritéiten am Konschtberäich an d'Liewe geruff gouf. Aus enger klenger Iddi ass e Projet entstanen, deen d'Mentalitéit am Betrib geännert huet. All d'Membere vum Resound Ensemble spille mëttlerweil am groussen Orchester.

De BSO Resound bei de BBC Proms

D'Inclusioun wier zimlech einfach gewiescht, seet d'Lisa Trgale. D'Musekerinnen a Museker hätten en Training matgemaach, fir d'Gläichberechtegung vu Mënsche mat Behënnerung.

"Eis Flüttistin [déi blann ass] sëtzt niewent dem éischte Flüttist, an déi schwätze ganz einfach driwwer, wéi si mussen zesummeschaffen. D'Leit ware ganz oppen, an och d'Membere vu Resound waren oppen. Si hunn erkläert, wat hir spezifesch Besoine sinn, a wéi déi aner Museker sech hinne vis-à-vis solle verhalen, fir datt si hirer Roll am Orchester kënne gerecht ginn."

Behënnerung als Virdeel gesinn

Bannent dem Resound Ensemble gesinn d'Musekerinnen a Museker hire Kolleegen hiren Handicap net als Nodeel, mee als Virdeel. De Perkussionist Philippe Howells hätt duerch säin Autismus zum Beispill eng enorm Fäegkeet fir einfach alles kënnen ze spillen, sou d'Lisa Tregale.

"Eiser Flüttistin Kate Risdon hire musikalesch Verhalt an hiert musikalescht Ouer ass onglaublech. Well si mat Braille léiert, an net gesäit, muss alles mam Ouer geschéien. Si verhält komplett symphonesch Orchesterconcerten. Si huet fënnef oder sechs Programma gläichzäiteg am Kapp. An hiert Ouer fir Detailer ass enorm. Si ënnerstëtzt de Rescht vum Ensembel beim Stëmmen, bei den Asätz oder beim Ootmen."

D'Musekstherapeutin Martine Wallenborn hat zu Lëtzebuerg mam Ensembel Taka Tuka en ähnleche Projet an d'Liewe geruff. Och déi Initiativ war e grousse Succès. Si ënnersträicht, datt an deene leschten 23 Joer, an deene si mat Mënsche mat Behënnerung schafft, zu Lëtzebuerg vill geschitt ass.

Et misst ee sech op d'Ressourcë vun engem Mënsch fokusséieren, a manner op seng Defiziter, oder op dat, wat een net sou gutt kann. "D'Integratioun an Inclusioun vu Leit mat engem sougenannten Handicap iwwer de Konschtberäich, do ass villes geschitt."

Diskussiounsronn an der Philharmonie (Foto: Sébastien Grébille / Fondation EME)

De 14. Oktober waren d'Lisa Tregale an d'Martine Wallenborn op Invitatioun vun der Fondation EME fir eng Konferenz an der Philharmonie. D'Konferenz war iwwerschriwwen "Musek kennt keen Handicap".


Linken:
Fondation EME
BSO Resound

An der Mediathéik:

Kultur / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Joel Delvaux
Gratis ëffentlechen Transport

Leit mat Handicap géifen diskriminéiert ginn, wann den Transport Service Adapto net gratis gëtt. Där Meenung ass de Stater Gemengeconseiller Joel Delvaux vun déi Lenk, dee selwer am Rollstull sëtzt.

OPL Museker am CAMP-2
Den OPL op Tournée

D'Fondatioun EME mat OPL-Museker an engem Flüchtlingscamp a Griichenland. De Manuel Ribeiro war mat de Museker bei de Workshoppen dobäi - Erfarungen, déi all déi Bedeelegt beréiert hunn.

Silvio Sagramola
Soziales

24 Joer war de Silvio Sagramola Direkter vun Info-Handicap, elo ass hien an der Pensioun. Hie bedauert, datt an där Zäit net méi erreecht gouf, fir e selbstbestëmmtent Liewen vun de Behënnerten.

Projet Loos alles eraus
"Looss alles eraus"

Musek an Danz sinn net nëmmen Divertissement, mä och eng Zort Therapie. Am Projet "Looss alles eraus" sprangen 20 Jugendlecher déi vun der Jugendpsychiatrie betreit ginn, iwwer hire Schied.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen