2009 gouf op Initiativ vun der Philharmonie d'Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre gegrënnt. D'Stëftung ass haut eng onofhängeg Ariichtung, déi sech just aus Done finanzéiert. Hiert Zil ass et, all deene Mënschen, déi ni d'Chance hunn an e Concertssall ze goen, nach ewell een Zougang zur Musek ze bidden. An esou huet d'Stëftung eng ganz Rëtsch Projeten entwéckelt, déi fir musikalesch a kulturell Inclusioun stinn: Concerten a Spideeler, an Altersheimer, a Prisongen, an Ariichtunge fir Sans-abris. Et geet bei deene Concerten allerdéngs net nëmmen ëm dat passiivt Nolauschteren, vill Aktivitéite sinn interaktiv, setzen op d'Matmaache vun de Leit. Antëschent kënnt d'Fondatioun EME op ronn 160 Institutiounen, déi bis dato matgemaach hunn. Dat waren eleng am Joer 2017 ëm déi 600 Concerte mat ronn 15.000 Participanten.
Projet fir den Advent
No Allerhellege geet et riicht ewech op Chrëschtdag duer. Op ville Plazen ass déi passend Beliichtung schonn installéiert, hei an do glënnert elo schonn owes an engem Virgäertchen e Beemchen. Fir déi Feierdeeg, déi elo kommen, huet d'Fondatioun EME sech e besonnesche Projet ausgeduecht: Musek schenken.
Et geet drëms, datt Leit sech bei der Stëftung mellen, well si engem besonnesche Mënsch grad an där Zäit wëllen e Concert schenken. Fir datt dat fonctionnéiert, brauch d'Fondatioun EME awer och Leit, déi hiert musikalescht Talent fir deen Zweck wëllen zur Verfügung stellen. Gesicht ginn also Beschenker an och där, déi solle beschenkt ginn.
Fir beim Projet "Musek schenken" matzemaachen, brauch ee just op d'Internetsäit www.fondation-eme.lu/de/projects/50/ ze goen.