Journée de la musique Musek spillt eng wichteg gesellschaftlech Roll

Haut feiere mir d'Journée de la Musique um Radio. Mat live Musek aus de Beräicher Klassik, Jazz a Pop. An engem Ronndëschgespréich iwwer d'Defie vun der sanitärer Kris fir d'Museksbranche.

Journee de la musique.jpg

"Musik war Kommunikationsmittel und sozialer Kitt", huet de Museker an Neurolog Eckart Altenmüller a senge Fuerschungen iwwer d'Bedeitung vun der Musek a fréie Gesellschafte festgestallt. Wat an der Vergaangenheet gegollt huet, ass och haut nach ëmmer richteg. Musek ass net nëmmen eppes fir d'Ouer an d'Séil, mee och fir d'Gemeinschaftsgefill.

Concerten ouni Public, wéi se elo iwwer dräi Méint gelaf sinn, si keen Ersatz fir de soziale Kontakt tëschent Museker a Public, awer och tëschent de Museker selwer.

De radio 100,7 huet an deenen dräi Méint, wéi och soss, d'Roll vum Vermëttler iwwerholl, Lëtzebuerger Museker an Ensembelen a Kontakt mat hirem Public gehalen. A mir maachen dat och mat eise Partner fir d'Fête de la Musique, déi 2020 eng aussergewéinlech wäert sinn.

Den Dag vun der Musek

Aus dem groussen, wann och eidele Sall vun der Philharmonie proposéiere mir Iech e Concert mam Quatuor Henri Pensis - Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (um 11:00 Auer) a mat zwee Ensembele vun der Militärmusek (um 13:00 Auer).

Dertëschent gräife mir den Theema vun der sozialer Funktioun vun der Musek an enger Table ronde op (um 12:00 Auer).

Gespréichspartner sinn e Vertrieder vun der Philharmonie; den André Heinen, Member vum Verwaltungsrot vun der UGDA a President vun der Union des Sociétés de Musique de la Ville de Luxembourg; an den Tim Kleren, Militärmuseker, Komponist an Dirigent.

Wéi gewënnt een als Philharmonie nom Confinement de Public erëm? Wéi geet et deene sëllege Museksveräiner, déi deels bis an den Hierscht era keng Aktivitéite wäerten hunn? Wat bedeit de Confinement fir déi sozial Kohesioun vun engem Veräin?

Uechter d'Land

Well d'Fête de la Musique mëttlerweil iwwerall uechter d'Land eng staark regional Verankerung huet, proposéiere mir am Nomëtteg aacht Concerten, an Zesummenaarbecht mat dräi aktive Partner: Diddeleng an Iechternach, an de Gudde Wëllen fir d'Stad Lëtzebuerg. Dobäi ass et wichteg, datt déi breetgefächert musikalesch Palett an de populären a convivialen Esprit vum Fest och zur Geltung kënnt.

Op der Affiche:

14:00 Trio Yano Schwall Kravos (Iechternach)

14:30 Schëppe Siwen (Diddeleng)

15:00 Slumbergaze (Lëtzebuerg)

15:30 Marc Demuth String Project (Iechternach)

16:00 TUYS (Diddeleng)

16:30 De Läbbel mat Nicool, BC One, Skibi (Lëtzebuerg)

17:00 Daniel Balthasar (Iechternach)

17:30 Cali (Diddeleng)

Méi zum Thema

Lagerkultur
Shared Distance

Op enger neier Quarantän-Compilatioun vu Lagerkultur kënnt déi lëtzebuergesch elektronesch Musek zum Zoch, besonnesch dee méi minimale Bord. Sechs Kënschtler bilden zesummen e koherenten a lëftege Mix.

TUYS
Koll an Aktioun

Tuys huet an der lescht Stécker als Episode verëffentlecht. Nei Formater fir en neien awer manner gewinnten "Tuys Sound". Si hunn um Koll an Aktioun on AIR um radio 100,7 gespillt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen