Radioen

On air

Notturno  |  Ele Wakelele - The Jolly Boat Song Feat. Mercy Myra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Musekskritik an der Kris?

Musek

Ass d'Musekskritik an der Kris?

D'Musekskritik verléiert am Verglach zur Publicitéit u Bedeitung. Mä wann et keng onofhängeg Gremie méi ginn, déi Opnamen diskutéieren, feelt eng Orientéierung, seet d'Directrice vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik" Eleonore Büning.

auto_stories

3 min

D'Eleonore Büning, d'Presidentin vum Preis der Deutschen Schallplattenkritik

De "Preis der Deutschen Schallplattenkritik" ass e Veräin vun 160 Musekskritiker a Journalisten aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz. 1963 gouf en als Organ fir d'Qualitéitskontroll vun Opname gegrënnt. Véier mol am Joer publizéiere si hir "Bestenliste" mat de beschten Opnamen aus 25 Kategorien. D'Bandbreet geet dobäi vu klassescher Musek iwwer Hip-Hop, Jazz, Pop & Rock bis zu Video-Produktiounen.

Musek ass eng Konscht, déi an der Zäit verleeft. Se fänkt bei engem gewësse Punkt un an hält no enger gewësser Zäit nees op. Fir d'Musekskritiker wier dat e grousse Problem, well och si d'Musek net festhale kéinten, esou d'Eleonore Büning, d'Presidentin vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik". Zwar kéint een op Partituren zréckgräifen, mä och domat kéint een net alles erfaassen:

"Die Noten sind ja nur schwarze Kleckse auf weißem Papier, die eine Anleitung geben davon, wie es vielleicht klingen könnte. Das sind vielleicht 40 Prozent von dem, was dann wirklich erklingt."

Individuell a gemeinsam Erfahrungen

An de 60 Prozent déi iwwereg bleiwe geschitt d'Musek, déi een als Musekskritiker bewäerte kann. Dobäi geet et net nëmmen ëm d'Ausféierung an technesch Feinheeten, mä och ëm d'Emotiounen. D'Spannungen, déi do entstinn, géif all Mënsch ënnerschiddlech erliewen, betount d'Eleonore Büning. "Mee et gëtt sou ee klenge Kär u Gefillsgedanken - oder Gedankegefiller - déi beim Héiere vun engem Musekstéck entstinn, dee bei jidderengem d'selwecht ass."

Jiddereen am Publikum kéint dat spieren. Dat fält op, wann ee sech während engem Concert e bëssen ëmkuckt. Wann iergend eppes bei der Opféierung net stëmmt, da gesäit een op ee Mol wéi Leit am Programmheft liesen oder onroueg ginn. A geneesou kéint et passéieren, datt während der Opféierung op eemol jiddereen den Otem unhält. "Dat bedeit, datt dann tatsächlech sou eppes wéi ee kënschtlereschen Impakt d'Mënschen erfaasst."

Kritik oder Werbung?

D'Roll vun engem Musekskritiker wier et, esou Saachen z'erfaassen, néierzeschreiwen an erauszefannen, firwat een esou vun der Musek ergraff gouf. Mä trotz all där Méi, déi sech Musekskritiker maache fir hir Aufgaben z'erfëllen, hätt d'Musekskritik am Moment e schwéiere Stand.

An de leschte Joerzéngte wier d'Kritik ëmmer méi zu engem Instrument fir Publicitéit erofkomm, mengt d'Eleonore Büning.

"In den Zeitungen gibt es kaum noch den Diskurs über die Musik. Für eine Rezension ist kein Platz mehr. Es gibt nur noch Vorberichterstattung, Porträts, Reklame, ein Hinschreiben auf ein Ereignis..."

Am Interessi vun de Musekfrënn

Dem Eleonore Büning wier dëst weder fir d'Musek nach fir d'Gesellschaft gutt: Iwwerall géing Publicitéit mat neien Talenter gemaach ginn, vun deenen awer kee géing wëssen, wie vun deene villen neie Museker tatsächlech gutt ass.

"Da denke ich, ist so etwas wie ein Diskurs über Musik wichtig, dass man sich darüber verständigt, was man gehört hat und, dass man auch tatsäslich Messlatten anlegt. Es gibt ja Kriterien, warum etwas gut ist und das andere aber besser."

Genee dofir wier esou e Veräin wéi de "Preis der Deutschen Schallplattenkritik" esou wichteg, wou 160 onofhängeg Jurore véier mol am Joer eng "Bestenliste" mat deene beschten Opname publizéieren.

Et wier wichteg, datt een de Bléck fir d'Qualitéit net verléiert. A wann d'Qualitéitskontroll net duerch en onofhängege Gremium garantéiert gëtt, ass een als Museksfrënd deem ausgeliwwert, wat d'Publicitéit bestëmmt.

Reportage vum Luc Boentgesplay_arrow