D'Meedchen huet sech vum Papp, engem Freejazz-Museker, distanzéiert. Souzesoen. D'Lyambiko an hir Band ginn éischter a Richtung Jazzklassiker, mat dacks engem Hauch vun elegantem Barjazz, an ëmmer erëm Bluesaflëss.
Vum klengen norddäitsche Label Nagel-Heyer zum Major Sony, aus dem verraachte Berliner Jazzclub an d'Stater Philharmonie an aner grouss Säll: zënter hirem Debut virun 13 Joer ass d'Lyambiko hire Wee gaangen. 2011 gouf si mam däitschen 'Jazz Echo' ausgezeechent. Mat Gershwin, Standarden an neierdéngs och ëmmer méi Eegekompositiounen ass si um Wee no ganz uewen.
Den däitsche Musik Express schreift vun enger ‘’Jazz-Sängerin für alle sinnlichen Tonarten. Ihre Stimme ist samtweich und kraftvoll zugleich." Begleed gëtt d’Lyambiko vun engem Trio, mam Pianist Marque Lowenthal, dem Robin Draganic (Double Bass) an dem Batteur Heinrich Köbberling. Déi haut 37 Joer al Interpretin trëtt den 21. Januar 2016 fir d'éischte Kéier hei am Land op, an der Philharmonie.
De Fred Medernach presentéiert d'Lyambiko an der Emissioun Voices: