D'Programmatioun gëtt no neien Tendenzen erausgesicht, wou dëst Joer déi nei Jazz-Mouvancen an den Hip Hop am Virdergrond stinn. Och Elektro, Indie a Singer-Songwriter stinn ëmmer nach héich am Cours. Dëst gëllt fir déi international Bands, wéi och fir di Lëtzebuerger Selektioun, an där mer den Chaild, d'Choppy Bumby Peaches, .klein, Tuys an d'Christina Kalyss fannen.
International Highlights vun der Programmatioun sinn Ezra Collective aus dem vereenegte Kinnekräich an de One-Man-Band-Phenomeen Nate Wood-fOUR, niewent villen Decouverten aus den europäesche Reseauen.
Konferenze fir sech auszetauschen
Konschtinstallatiounen an ee VR-Pavillon schafen de Kader fir ee räiche Programm u Panels a Workshops, déi motivéierte Museker a Museksprofessionellen d'Enjeue vun der Industrie méi no bréngen a praktesch Kenntnisser mat op de Wee ginn: vu Booking-Informatioune bis hin zu enger Sound Design Masterclass.
Mat Spannung dierft een d'Keynote vum Pedro Winter erwaarden, dem laangjärege Manager vum franséischen Elektro-Duo Daft Punk. Grouss Nimm inspiréieren, mee um Enn sinn et déi reegelméisseg Networking-Eventer, déi hei déi Lëtzebuerger Musekszeen mam noen a méi wäiten Ausland verbannen. Een thematesche Schwéierpunkt ass dëst Joer och d'Bildvertounung an all hire Formen.
De radio 100,7 ass op der Plaz
D'Museksredaktioun vum 100,7 ass de Freideg vun 8 bis 10 Auer owes live fir Iech um Sonic Visions mat dobäi.
Fir d'Concerte sinn iwwregens nach Plazen ze kréien. Déi ganz Programmatioun fannt Dir op www.sonicvisions.lu.
Lauschtert den Interview mam Sam Reinard a Paul Bradshaw vun der Rockhal hei.