Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ganz nei Téin op "Myriad Road"

Natacha Atlas

Ganz nei Téin op "Myriad Road"

Fir Kenner ass et keng Iwwerraschung: den Album mat deem d'Natacha Atlas hire Comeback feiert, ass en Jazz-Album. A Prouzent war keen anerem wéi de de groussen Trompettist Ibrahim Maalouff. Béid Museker deelen eng Passioun fir eng multikulturell Approche an der Musek.

Manuel Ribeiro / ckl

auto_stories

4 min

De neien Album vum Natacha Atlas gouf vum Ibrahim Maalouf produzéiert

Am Oktober d'läscht Joer ass de neien Opus vum Natacha Atlas erauskomm. An de läschte Joeren war kloer ze erkennen datt d’Kënschtlerin sech ëmmer méi dem Jazz zouwennt, an esou de Cliché aus de 1990er Joere, vun der orientalescher Sängerin, brécht.

An deem Regëster huet de Publikum si ëmmer gesinn, ee Publikum deen si laang Zäit fäert ze enttäuschen. Allerdéngs, mat de Joeren, an trotz erfollegräichen Touren, erkennt si sech selwer awer net méi, a setzt hirer Carrière en Enn, an zwar den 3. November 2001 um Concert am Olympia zu Paräis.

Méi räif, méi gedëlleg

Mee: fofzéng Joer Méi spéit ass hir Stëmm net gealtert. Si ass méi roueg, méi räif, gedëlleg a vläit eng Grëtz méi mësstrauesch. 

No e puer Experimenter mam Angelin Preijlocaj an e puer Featurings mam Nithin Sawhney an d’Sinnead O’Connor, trëfft si zu Istanbul op den franséisch-libaneseschen Jazzmusker, Komponist, Trompettist a Produzent, de Weltklassmuséker Ibrahim Maalouf.

An engem Interview mat France Musique seet de  Maalouf, hie wier begeeschtert vun der Fra, déi sou oppe wier a sou wäit ewech vun de "orientalisteschen" Klischeeën. "An ech erkennen hir eenzegaarteg Stëmm", sou de Maalouff, dee no der Renconter zu Istanbul ufänkt, de grousse Retour vun der Kënschtlerin ze preparéieren. No villen Diskussiounen iwwert hir Carrière an och d'Vergaangenheet entsteet lues a lues e Projet.

Orientalesch-westleche Flair

D'Resultat ass eng subtil Mëschung aus deenen zwee Artisten: déi belsch-ägyptesch Originë vum Natasha Atlas, kombinéiert mat franséisch-libanesesch Kultur vum Ibrahim Maalouf, eng duebel Kultur vun orientalesch-westlechem Flair.

Op "Myriad Road" fäert d’Natacha Atlas net méi hir Stëmm vun hirem Klischee vun der arabescher Musek ze distanzéieren, gëtt se awer och net ganz op. Et ass fir d'éischt an hirer Carrière, datt d’Natacha Atlas sech ganz am Beräich Jazz kann entwéckelen."Déi déi hatt just duerch 'Mon amie la rose' kennen a sech hatt mat engem faarwege Paillettekleed virstellen, wäerte liicht desorientéiert sinn. Mee fir déi, déi sech och en aneren Orient virstelle kënnen, kënnt et ganz evident eriwwer", seet den Ibrahim Maalouf dozou op France Musique.

Jazz, gefierwt mat orientalesche Kläng

A wann een déi verschidden Tracke lauschtert, ass et evident Jazz, ganz abordabel, Improvisatiounen am traditionelle Jazzmodus, kee free Jazz. Mee trotz allem si Spueren a Klangfaarwen aus dem Orient am Natacha Atlas sengem Gesank mol kuerz kloer ze erkennen, mol verstoppt. Verschidden Tracken "Ya Tara", "Nafs El Hikata" oder "Hikma" sinn natierlech op hirer Mammesprooch interpretéiert, a fale wuel orientalesch aus, aneschters wéi di engleschsproocheg Titelen. 

Sou entsteet eng flott Balance tëscht traditionellem Gesangsmodus aus dem Noen Osten, an deem, eis méi vertrauen, traditionelle Jazz à la Ibrahim Maalouf, den natierlech seng nach liicht libanesesch Spueren a senger Musek erafléisse léisst. Nieft dem klassesche Jazzquartett, sinn och aner Instrumenter a Gaaschtmuseker déi verschidden Titele beräicheren: Trompette, Trombone, Flute, Klarinett, Cello, Gei an di traditionell Oud.

An d'Natascha Atlas a Band kommen iwregens och op Lëtzebuerg: den 12. Abrëll 2016 sinn si zu Diddeleng am Centre culturel "Op der Schmelz" ze erliewen.

Lauschtert de Bäitrag mat villen Extraiten vum Album: