Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Napoleon Gold spillt um Eurosonic

Museksbusiness

Napoleon Gold spillt um Eurosonic

Napoleon Gold wäert Lëtzebuerg beim wichtegste Showcase Festival an Europa vertrieden. De radio 100,7 invitéiert de Kënschtler, dee momentan u sengem éischten Album schafft.

auto_stories

2 min

Napoleon Gold (Foto: Cones)

"Ech si wierklech immens frou", seet den Antoine Honorez, alias Napoleon Gold. Hien hofft, um Eurosonic säi Reseau kënnen ze erweideren. An hie wéilt Stécker vu sengem Debut-Album presentéieren, deen Ufank 2019 soll erauskommen.

"Napoleon Gold ass dee Lëtzebuerger Museker, dee momentan am meeschte vun engem Optrëtt um Eurosonic ka profitéieren", seet den Yves Stephany, Responsabel vun der Museksredaktioun vum radio 100,7. Et wier wichteg, datt de Kënschtler déi néideg Strukturen hanner sech hätt, eng kloer artistesch Visioun hätt, a konkret Pläng fir seng Zukunft kéint opweisen.

Den Antoine Honorez huet alles op eng Kaart gesat. Hien ass vu Lëtzebuerg op Bréissel geplënnert, fir sech ganz op säi Projet kënnen ze konzentréieren. Deen éischten EP koum bei Cinematic Music Group eraus.

Deen amerikanesche Label huet Nimm am Katalog, wéi de Rapper Joey Bada$$, d'Rockband Caveman oder de Grammy-priméierte Sänger T-Pain. Deen ass och op engem Titel um EP vun Napoleon Gold ze héieren.

Debut-Album ufanks 2019

Momentan schafft den Antoine Honorez u sengem éischten Album. Och do sollen nees Kollaboratioune mat anere Kënschtler drop kommen. Nimm wëllt hien awer nach net verroden.

"Ech géif dem Album gär méi eng musikalesch Déift ginn", seet de Museker. Den Titel vum Disk ass "Sunset Motel". Den Antoine Honorez erzielt dorobber d'Geschicht vun enger Plaz, wou hien higeet, wann hien net ka schlofen. Stilistesch Aflëss aus de spéiden 80er a fréien 90er Jore mat aktuelle Kläng vermëscht ginn.

Wann d'Produktiounsphas vum Album ofgeschloss ass, géif hie sech op d'Sich no Partner an Europa maachen.

Den Eurosonic ass dee wichtegste Rendez-vous fir déi europäesch Popmuseksbranche. Bekannten Nimm wéi Franz Ferdinand oder den James Blake hunn hir Carrière hei lancéiert.

All Joer kommen iwwer 4.000 Professioneller, 400 Festivallen a 450 Journalisten an déi hollännesch Stad Groningen, fir sech méi wéi 350 verschidden nei Gruppen a Solo-Kënschtlerinnen a Kënschtler unzekucken. Als Member vun der EBU ass de radio 100,7 e Partner vum Eurosonic an designéiert all Joer eng Lëtzebuerger Contributioun.


Den Antoine Honorez am Gespréich mam Marc Clement

Napoleon Goldplay_arrow