Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Musek vum Kuston Beater

Bidule

Nei Musek vum Kuston Beater

De Kuston Beater, mam richtegen Numm Christophe Peiffer, ass e Miwwelstéck vun der Musekszeen, am beschte Sënn.

auto_stories

2 min

Als DJ montert hien ëfters de Public vun de Rotonden op, als Grafiker gëtt hien zanter Jore fir seng Kreativitéit geschat, als Museker a Klangtüftler huet hien eis 2011 en Album mat op de Wee ginn. De Kuston, dee sech selwer als grousse Procrastinateur beschreift, schwätzt iwwer déi op Vinyl gepresste Fruucht vun aacht Joer d'Welt-op-sech-wierke-loossen.

Instrumental elektronesch Musek. Wa Stëmmen, da gesampelter oder synthetescher, esou weist sech déi nei Plack. "Ech hätt kéinten eng duebel Plack maachen, bei all deem Material, dat ech hunn. Meeschtens geet et mir duer, meng Songs einfach online ze setzen, op Bandcamp zum Beispill. Et war mäi Label Chez Kito Kat, dee mir konkret en Album gefrot huet."

D'Confidentialitéit vu senge Releasë stéiert de Kuston Beater net, am Géigendeel. "Ech si kee Bühnendéier, dofir drécken ech mech bei der Unerkennung net vir. Am Fong stinn ech léiwer bei den Decks, wéi datt ech meng eege Lidder spillen".

Dëse Freideg bei der Release wäert hien den Trac hunn, an heiansdo freet hie sech, firwat hie sech iwwerhaapt zwéngt, live opzetrieden. Dat hält eis net dovun of, eis iwwer d'Musek ze freeën. Stiléierten Elektro am Stil vu Monsieur Flash oder Tiger Sushi, urban a raffinéiert, e Freideg den Owend an de Rotonden. Am Virprogramm gëtt et Mr. Bios vu Metz.