CD: Mahler - Symphony Nr.4
Label: Pentatone
Wierker: Sinfonie Nr. 4 / Piano Quartett, la Mineur (orch. Colin Matthews), éischte Saz
Interpretatioun: | |
Klangqualitéit: |
Interpreten: Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Sopran: Miah Persson. Direktioun: Gustavo Gimeno
Déi véiert Sinfonie
Dem Gustav Mahler säi Wierk ass an dräi Perioden entstanen:
- Déi éischt Period ass virun allem duerch d'Gedichter vum Recueil "Des Knaben Wunderhorn" markéiert. Si ëmfaasst d'Sinfonien 1 bis 4.
- Déi zweet Period ëmfaasst d'Sinfonië 5 bis 7, mat enger méi tragescher a strenger Expressivitéit. Dës Wierker hunn de Wiener Publikum deemools beandrockt an aner Komponisten inspiréiert.
- Déi drëtt Period ass markéiert duerch eng méi present Polyphonie an de Sinfonien 8, 9 an 10 an och am Liederzyklus "Das Lied von der Erde".
"Der erste Satz beginnt, als ob er nicht bis drei zählen kann, dann aber geht es gleich ins große Einmaleins", sot de Gustav Mahler iwwert seng véiert Sinfonie. Weider schwätzt hie vu "Milliarden Tropfen eines Regenbogens".
Déi véiert Sinfonie ass an den Joren 1899 an 1900 entstanen, dat heescht am Ufank vum Mahler senge Wiener Joren. Si ass strukturéiert a véier Sätz fir groussen Orchester an Sopransolo.
De leschte Saz war schonn am Joer 1893 eng Kéier uropgefouert ginn. De Kompositiounsprozess ëmfaasst also just déi éischt dräi Sätz. Hie baséiert sech op d'Lied "Das himmlische Leben" aus sengem Zyklus "Liedern Des Knaben Wunderhorn" nom Clemens Brentano an Achim von Arnim.
De Pianosquartett
Op der Opnam mam Philhamoneschen Orchester Lëtzebuerg fënnt een donieft den éischte Saz vun engem Pianosquartett, orchestréiert vum Colin Matthews. De Gustav Mahler hat dëst Stéck 1876 am Alter vu 16 Joer geschriwwen. Ausser dem éischte Saz si just nach 24 Täkt vun engem Scherzo iwwerliwwert.
An der Orchestratioun vum Colin Matthews kléngt dëst Stéck wéi aus der Romantik-Ära. D'Arrangement gëtt der Kompositioun en erfrëschende Flair vun engem jonke Komponist, dee scho Spure vun der Spéitromantik opweist.
Fazit
D'Intepretatioun vum OPL ass exzellent. De Gustavo Gimeno beweist op en Neits, wéi hie Museker fir Dynamik an Tempo-Wiessele motivéiere kann. Déi setzen dëst an engem gudden Equiliber ëm, ouni an de Pathos vun iwwerdriwwen duergestallten Emotiounen ze verfalen. D'Solistin Miah Persson sengt mat engem hellen Timber an enger exzellenter Dictioun, ofgestëmmt um Gustavo Gimeno seng Direktioun.
Leider ass d'Opnamqualitéit net déi bescht. Zemools wat d'Mëschung vun den eenzele Regësteren ubelaangt. Och an der Klangfaarf feelt et u Brillianz.