Musikalesch Visittekaart Nico Binsfeld: Faible fir Klassik a Rock

Den Nico Binsfeld ass zënter engem gudde Joer Direkter vum House of Training an der Chambre de commerce. An der musikalescher Visittekaart huet hien eis méi iwwer sech a seng musikalesch Virleifte verroden.

Manuel Ribeiro / cwi

Nico Binsfeld
Nico Binsfeld. Foto: House of Training

Zanter e bësse méi wéi engem Joer ass de Nico Binsfeld direkter vum House of Training an der Handelskammer. Hien ass forméierten Ingenieur an der Elektrotechnik an huet virdru fir Firme geschafft, wéi RTL, Siemens an d'Post. Allerdéngs huet hie sech am Laf vu senger Carrière vill mat Formation continue beschäftegt. Dernieft war hien awer och eng Zäit als Dozent op enger Universitéit engagéiert.

Musek ass ee wichtegen Deel vu sengem Liewen. Klassik, Jazz a Rock si seng Preferenzen.


D'Playlëscht vum Nico Binsfeld:

  • Beethoven - Pianokonzert Nr. 3 - 1te Saz
  • Beethoven - 9t Sinfonie - Schluss
  • Mahler - 2t Sinfonie - Schluss
  • Puccini - La Bohème: O Soave Fanciulla
  • Led Zeppelin - Stairway to Heaven
  • Deep Purple - Smoke on the Water - Live in Japan
  • Queen - Bohemian Rhapsody
  • Dire Straits - Love over Gold

An der Mediathéik:

Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen