Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Dear Gina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onheemlech orchestréierte Pop

Scott Walker – Scott 3

Onheemlech orchestréierte Pop

De Scott Walker ass leschte Méindeg am Alter vu 76 Joer gestuerwen. De mysteriéise Sänger deem seng Carrière vun Teen-Pop bis zur Avant-Garde gefouert huet. Säin drëtte Solo-Album "Scott 3" feiert dëse Mount 50 Joer. Op dëser Plack fënnt een Experimenter mat onkonventionellen Orchestréierungen a Produktiounstechniken. Deemools bleift de Succès aus, haut gëllt den Album als Meeschterwierk.

auto_stories

5 min

Wéi de Numm et seet si mir um drëtte vum Scott Walker senge véier Solo-Alben, déi hien tëscht 67 a 69 verëffentlecht huet. Iwwer dës Tetralogie huet de mysteriéise Sänger sech vu sengem Teen-Idol Image lassgeléist an ugefaange méi z'experimentéieren, seng eege Welt z'entdecken.

Wéi op senge viregte Releasen si Jacques Brel-Interpretatioune weiderhin nach ëmmer present, mee déi Kéier huet den amerikanesche Museker de Gros vun den Titele selwer geschriwwen.

E perséinlechen Abléck

"Scott 3" ass an deem Sënn méi perséinlech a weist, wéi de Sänger originell mat Atmosphär an Textur ëmgoe kann. Um Opener "It's Raining Today" dréit de Scott Walker d'Konventioune vun der traditioneller Ballade op d'Kopp. Dissonant Straicher kontrastéiere mat der delikater Melodie an der gezupfter Gittar a ginn dem Stéck eng batter a nervös Nout. "It's Raining Today" ass näischt manner wéi en orchestraalt Pop-Meeschterwierk.

Iwwer seng facettëräich Carrière huet de Scott Walker ëmmer duerch seng originell Instrumentatioun an Arrangementer a senger Musek iwwerzeegt. A senger spéiderer avantgardistescher Carrière vun Mëtt den 80er un, huet hie Méint oder esouguer jorelaang u spezifesche Kläng gefeilt a mat onkonventionelle perkussiven Elementer geschafft fir d'Musek a sengem Kapp ze vertounen.

Eng epesch Ergänzung

Mee seng éischt Soloalben wéi "Scott 3" waren all vu grandiosen Orchester-Arrangementer markéiert. E musikaleschen Hannergrond, deen dem Scott Walker seng bal operatesch Stëmm epesch ergänzt huet.

Hanner den Arrangementer stécht d'Angela Morley, déi deemools nach ee Mann war a Wally Stott geheescht huet. Eng englesch Komponistin, déi Enn de 50er vill fir d'BBC geschafft huet, mam Shirley Bassey collaboréiert a spéider Musek fir 70er an 80er Tëleessendunge wéi Dynasty oder Dallas komponéiert huet.

Batter zockereg Momener

Op "Scott 3" huet d'Angely Morley um Stéck "It's raining today" mat Dissonanzen eng nodenklech Atmosphär geschaf. Mee d'Melodie si wéi zum Beispill um Lidd "Copenhagen" ëmmer immens liicht a balancéiert. D'Straicher, d'Harf an de Vibraphone dinn den Nolauschtere mat hirem fiederliichte Klang schwiewen. Wat engersäits e berouegenden Effekt op den Nolauschterer huet, mee awer och iergendwéi schwindelen deet. Beim Scott Walker sinn déi zockereg Momenter ëmmer liicht batter.

25 Joer hat de Scott Walker wou e "Scott 3 opgeholl huet. Seng Stëmm gëtt awer den Androck vun engem vill méi ale Mënsch, dee vill Péng um Bockel dréit. Um Cover vum Album gesäit een e grousst A mat staark gefierfte Wimperen.

An dësem ass de Scott Walker an enger Denkerpose reflektéiert. Selwer huet hie säin drëtten Album als "Lidder iwwer Léift an Einsamkeet" vermaart. Mee esou kéint een u sech déi zwee viregt Alben och charakteriséieren. Allerdéngs si seng Texter méi düster wéi romantesch.

De Scott Walker hat keen einfacht Liewen

De Scott Walker huet säi ganzt Liewe mat schrecklechen Albdreem misse kämpfen. A mat der Bekanntheet ass e bekanntlech och net eens ginn. Bis an d'70er eran huet hie seng Ängschte mat Berouegungspëllen an Alkohol versicht an de Grëff ze kréien.

D'Lidder op "Scott 3" hunn eppes Onheemleches. Um Stéck "Rosemary" kommen zum Beispill Figuren op ale Fotoen zum Liewen a laachen de Protagonist aus. Hie sengt iwwer Mënschen, déi Abseits vun der gewéinlecher Gesellschaft liewen: einsam Mënschen, Besoffener, Prostituéierter. D'Lidd "Big Louise" huet de Scott Walker als "Requiem fir en Homosexuellen, deen an den Alter kënnt" beschriwwen. "In a world filled with friends, you lose your way", séngt hien.

Den Afloss vum Jacques Brel

De Jacques Brel daucht iwwer dem Scott Walker seng éischt dräi Placken ëmmer nees op. E Lyriker a Sänger, mat deem de Scott Walker wéinst de rauen a réie Beschreiwunge vu Léift, Misär an Exzesser sech identifizéiere konnt.

Déi englesch Iwwersetzunge koumen iwwregens vum Mort Schuman. E Lidderschreiwer, deen hanner Stécker wéi "Viva Las Vegas" oder "(Marie's the Name) His Latest Flame" stécht, déi vum Elvis Presley gesonge goufen.

Dem Scott Walker seng "Brel"-Phase kënnt mat "Scott 3" awer op en Enn. Op senger nächster Plack "Scott 4", déi dat nämmlecht Joer 1969 erauskoum, sinn nëmmen nach eege Scott Walker Stécker ze fannen. Dräi Jacques Brel Titelen huet hie fir "Scott 3" erausgewielt a se um Schluss vun der Plack placéiert.

Eng sober, éierbar Versioun vu "Ne Me Quitte Pas". Eng opulent, lëschteg Interpretatioun vun "Tango Funèbre", mee dat stäerkste Brel-Lidd op sengem drëtten Album ass "Fils de", oder "Sons Of" op Englesch.

Musek aus enger anerer Zäit

Et héiert een en immens distante Piano, deen u Satie oder Debussy erënnert. D'Kläng schéngen aus enger anerer Zäit ze kommen. E melancholescht Lidd iwwer Onschold a Vergänglechkeet.

Mat "Scott 3" a "Scott 4", déi allebéid 1969 erauskoumen, huet de Scott Walker sengem Popidol-Image definitiv en Enn gesat. "Scott 3" war säi leschten Top Ten Album op de Briteschen Charts. Mee esouguer mat dësem huet hie schonn eng Partie vu sengen Teenage-Fans ofgeschreckt. De séisse mysteriéise Frontman vun de Walker Brothers ass hinnen ze düster a louche ginn.

De Wande vum Scott Walker

Hien huet sech mat "Scott 3" lues vu kommerziellen Uspréch lassgeléist, sech no bannen gekéiert fir seng artistesch Idealer ze verwierklechen.

Um Titel "We Came Through" héiert een zum Schluss lauter Geknupps. Op anere Stécker kontrastéieren eckeg Téin mat senger berouegender Stëmm. De Scott Walker héiert een och ongewinnt am Folk-Modus. Déi akustesch Ballad "30th Century Man" kléngt mat de verspillten Téin vun enger Musekskëscht aus. Seng experimentell Phase, déi spéider op Alben wéi Tilt (1995) oder The Drift (2006) op en Héichpunkt kënnt, fänkt deemools schonn u mat brutschelen.

Iwwer seng véier Solo-Alben tëscht 67 an 69 héiert een, wéi hie sech selwer entdeckt, sech zum spéideren Avantgardisteschen Scott Walker entwéckelt. "Scott 3" ass grandiéis orchestréierte Pop. A wéi alles, wat de Scott Walker a senger Carrière ugepaakt huet, enigmatesch an ergräifend.