Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op neie Weeër aus dem Labyrinth eraus

Album vun der Woch

Op neie Weeër aus dem Labyrinth eraus

Heather Woods Broderick heescht d'Kënschtlerin a "Labyrinth" huet si hiren neien Album genannt. E Labyrinth ass villäicht net déi bescht Plaz fir nei Weeër anzeschloen, oder villäicht grad - well een de Wee just erausfënnt, wann een ëm den Eck denkt. A vun der Sich zielt d'Heather Woods Broderick dann och an den zéng neie Stécker.

auto_stories

2 min

Mat enger eenzeler Pianosnout, déi sech ëmmer erëm widderhëlt, fänkt "Labyrinth" un, de fënneften Album vun der amerikanescher Songschreiwerin Heather Woods Broderick. Un en Häerzschlag soll déi Intro erënneren, an d'Motiv vum Häerzschlag zitt sech dann och konsequent duerch déi zéng Titel.

Kale Kontrast zu hirer Stëmm

Geschwënn gëtt den akustesche Piano dann duerch en elektroneschen Drumbeat ersat. Anescht wéi op hire viregte Placken héiert een op "Labyrinth" wéineg akustesch Instrumenter, an hir Plaz triede Synthesizer, déi bewosst e kale Kontrast duerstellen zu der Heather Woods Broderick hirer ausdrocksstaarker Stëmm.

De musikalesche Richtungswiessel war net ganz fräiwëlleg an erkläert sech, wéi esou dacks, duerch d'Pandemie. Am Mäerz war d'Songschreiwerin op eemol eleng doheem, mat ze vill Zäit - normalerweis ass si nämlech de gréissten Deel vum Joer ënnerwee, mol mat hirer eegener Musek, awer och als Tourmusekerin vun Artist:inne wéi Sharon Van Etten, Damien Jurado, Beth Orton oder nach hirem Brudder Peter Broderick. Mat deem wat si grad bei Hand hat, huet si ugefaangen ze komponéieren an op enkstem Raum louch et ebe méi no mat Synthesizer ze schaffe wéi mat akusteschen Instrumenter.

D'Sich als Zil usech

Dee minimalisteschen a wéineg organesche Sound mécht et am Ufank net onbedéngt einfach, sech am Album erëm ze fannen. Den Titel "Labyrinth" ass dann natierlech och net zoufälleg gewielt: Fir d'Heather Woods Broderick ass d'Sich keen temporären Zoustand, deen et ze iwwerwanne gëtt fir säin Zil ze erreechen, mee d'Zil u sech. Dofir probéiert si guer net d'Gerüst ze verstoppen, dat Lidder zesummen hält - am Géigendeel, si stellt et an de Vierdergrond an assuméiert de Minimalismus.

Souwisou ass d'Heather Woods Broderick eng Kënschtlerin, déi keng Angscht virun Experimenter huet. 2022 huet si ënner dem Titel "Domes" eng Sammlung vu reng instrumentale Cello-Stécker verëffentlecht.

"Qui m'aime, me suive" - no deem Motto gëtt et um Album "Labyrinth" vill ze entdecken, wann ee bereet ass, sech op der Heather Woods Broderick hir Musek anzeloossen.