Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ opus 100,7 : Den neie Klassik-Webradio

Ausbau vun der Programmoffer

opus 100,7 : Den neie Klassik-Webradio

Vun haut u gëtt d'100,7 Famill méi grouss. Mam "opus 100,7" huet Lëtzebuerg elo en neie Klassik-Webradio. Et ass eng zousätzlech Offer vum Média de service public 100,7, déi sech an éischter Linn un d'Frënn vun der klassescher Musek riicht, awer och un all eis aner Nolauschterer, déi den opus 100,7 vun haut un zu all Moment a vun iwwerall aus iwwer Stream lauschtere kënnen.

auto_stories

3 min

Déi ganz Woch iwwer leeft um neien Online-Radio klassesch Musek an dat ronderëm d'Auer. Gläichzäiteg lafen awer och Elementer aus dem lineare Programm vum radio 100,7, erkläert de Luc Boentges, deen de Projet iwwer déi lescht Méint geleet huet. Déi thematesch Emissioune wéi Resonanzen lafen zum Beispill och um neie Radio.

"An da spille mer um opus 100,7 awer och alleguerten eis Live-Matschnëtter. Dat sinn zum Deel déi Concerten déi mer ophuelen - iwwer 80 Stéck d'Joer - oder awer och Live-Matschnëtter vun internationalen Orchesteren aus ganz Europa kann ee soen, Concerten déi mer vun der European Broadcast Union mat iwwerhuelen."

Um Programm sti bekannt Stécker, aktuell Opnamen an och vill klassesch Musek vun hei. Bal e véierel vu sämtlechen Aspillunge ass "made in Luxembourg" an iwwer d 'Hallschent ass 2018 oder méi spéit opgeholl ginn. Firwat eigentlech den Numm opus 100,7, wollte mir vum Luc Boentges wëssen.

"Opus ass e Fachbegrëff aus der klassescher Musek. Et ass eng Aart a Weis wéi Komponisten hir Wierker sortéieren. Dat heescht Opus 1 ass dacks dat éischt Wierk mat deem se eraus un d'Ëffentlechkeet ginn."

Um Wee zu Generaliste-Radio

Den neien online-Klassiksender wier en éischte Schrëtt fir op där enger Säit de Frënn vun der klassescher Musek ee komplette Service unzebidden, an op der anerer Säit mam radio 100,7 de Wee Richtung Generaliste-Radio ze goen, mat enger koherenter Museksprogrammatioun iwwer de ganzen Dag, esou den Direkter vum radio 100,7, Jean-Lou Siweck. Doriwwer eraus wier et e wichtege Moment fir déi Technologie och fir zukünfteg Projeten ze beherrschen.

"Et kann ee sech absolutt virstellen, datt een op anere Museksgenren esou Formulle gebraucht."

D'Ekippe vum radio 100,7 géife sech och vill mat der Fro vum on demand Audio-Contenu beschäftegen.

DAB+: Anescht Radio lauschteren

Ëmmer méi Länner an Europa setzen op de sougenannten DAB+, also den digitale Broadcast-Radio, deen also net iwwer Internet, mee iwwer en digitaalt Signal vun engem Sendemast leeft. Zu Lëtzebuerg musse mer eis awer nach e wéineg gedëllegen. Dat well et den Ament nach un der néideger Infrastruktur feelt, Jean-Lou Siweck.

Déi néideg Gesetzesprozedur wier amgaangen an hie géif dovun ausgoen, datt DAB+ a spéitstens 18 Méint wäert zu Lëtzebuerg fonctionnéieren, sou den Direkter vum 100,7. "An dee Moment wäert den opus dann och normal iwwer e Sender ze empfänke sinn."

Wou lauschteren?

Esou laang musst Dir awer net waarde fir den neie Klassiksender opus 100,7 ze lauschteren. Scho vun haut u kënnt der ganz einfach iwwer www.opus.radio eralauschteren oder iwwer e gängegen Internetradio.

Dir fannt den opus 100,7 och an der neier Radioplayer-App, an där all d'Lëtzebuerger Radiostatiounen op enger Plaz regroupéiert sinn. Dir kënnt d'App gratis iwwer Google Play oder den App Store eroflueden.