Wie "Painted Ruins" just eemol lauschtert, ass intrigéiert. Et brauch een op d'mannst e puer Ecouten, bis sech déi ganz Gestallt ofzeechent an de vague Stroum vun Impressioune sech zu engem Ganze verfestegt.
Béi der éischter Ecoute zum Beispill klengen d'Gittar an d'Bass Deeler nach e bëssen opak. Duerno entwéckele sech dës Téin allerdéngs zu engem lëftege Räichtum. Trotz der Präsenz vun den diskreten awer heefeg agesatene Synthesizer, elektreschen an akustesche Pianoen, engem onkonventionelle Pedal Steel vum Christopher Bear a véier verschiddenen Holzbléiser, wierkt hei ni eppes iwwerlueden.
Net iwwerlueden
Nodeems déi verschidde Memberen experimentell Säitespréng a Kollaboratioune gemaach hunn, war et kloer, datt den neie Grizzly Bear Album kee Pop Album am Véirelstakt géif ginn.
Dofir sinn am "Painted Ruins" awer 6/8 a 5/4 Täkt präsent. Net fir d'Komplexitéit als Selbstzweck sichen ze goen, well näischt klengt hei komplex am eigentleche Sënn vum Wuert. Den éischten Androck fir dës Musek beschreift den Julian Mapes vum Museksblog Pitchfork am beschten:
Verflechte Kompositiounen, méi enk zesummegebonne wei jeemools virdrun, déi distant Biller evoquéiere Gefiller, déi de ganzen Zäit wéi eng Lëns vun enger Kamera, aus der Onschäerft an de Fokus an erëm zréck réckelen.
Grizzly Bear ass eng etabléiert Gréisst am Beräich vum Indie-Rock. Hir variéiert Musek huet si zënter hirem Debut Album "Horn of Plenty" aus dem Joer 2004 mol un de Bord vum Folk-Rock, mol a Richtung psychedelesch Musek, mol an de Pop, mol op méi experimentell Schinne bruecht.