Album vun der Woch Parquet Courts - Wide Awake

Repressiv Politik huet nach ëmmer zu positiven Entwécklungen an der Musek gefouert. Och d'Presidence vum Donald Trump inspiréiert ëmmer nees Artisten zu grousse Wierker. Sou wéi deen neien Disk vun der New-Yorker Post Punk-Formatioun Parquet Courts.

Yves Stephany / cbi

Parquet Courts
Parquet Courts. Foto: Ebru Yildiz

Wann een deen éischten Titel "Total Football" vun där neier Parquet Courts opleet, fänkt de Fouss direkt u mat wibbelen. Et ass, wéi wann een e rare britesche Punk-Diamant aus de spéide 70er entdeckt hätt. Ausser, datt "Wide Awake" net viru 40 Joer mee viru véier Deeg erauskoum, an datt Parquet Courts keng britesch, mee eng amerikanesch Band ass.

Ganz séier gëtt och kloer, datt "Wide Awake" en toppaktuellen Album ass, souwuel musikalesch, wéi och textlech. "Wide Awake" ass e Protest-Album. Et ass dem Quartett vun New York säi Statement zum Amerika ënner dem Donald Trump. "Violence is daily life" jäizt de Chouer am zweeten Titel "Violence", dee klengt wéi eng Talking-Heads-Interpretatioun vun "The Revolution will not be televised".

Wéi d'Fauscht op d'A

Den Titel vum Album passt wéi d'Fauscht op d'A. Déi véier Museker si ganz waakreg. Mat Schäerft a Präzisioun zeechne si e Portrait vun enger gespléckter Gesellschaft, déi hir sozial an intellektuell Errongenschafte mat Féiss trëppelt a just nach vun Egoismus a Profitgier gedriwwen ass.

Trotzdeem ass "Wide Awake" en Album, deen Hoffnung a sech dréit. Virun allem duerch de batterséissen Humor, deen engem zum Beispill beim Titeltrack mat vollem Enthusiasmus ëm d'Oueren danzt.

Stilistesch ass "Wide Awake" kloer am Post-Punk ze klasséieren. A Post-Punk huet ëmmer Sichen an Exploréiere bedeit. Post-Punk war ëmmer Avant-Garde. Dat kann ee beim Retro-Sound vum Parquet-Courts-Album vläicht net behaapten, mee d'Amerikaner exploréieren déi verschiddenst Direktiounen, déi am Laf vun de Joerzéngten an dësem Genre op Band komm sinn. Devo oder The B-52's kommen engem an de Kapp, awer och britesch Bands wéi XTC, oder d'Stranglers.

Roueg an introspektiv

Niewent den dreiwenden Nummere fënnt een um Album awer och méi roueg an introspektiv Momenter, wéi déi remarkabel Titelen "Before the Water gets too high" oder "Death Will Bring Change" op deem souguer e Kannerchouer ze héieren ass.

Produzéiert gouf "Wide Awake" vum Danger Mouse, dee sech normalerweis a méi glate Pop-Beräicher beweegt. Obwuel de Grond-Sound relativ rau an ongeschlaff kléngt, gëtt den opmierksame Lauschterer ëmmer nees mat Schlabäitzerchen aus dem Danger Mouse senger Zauberkëscht iwwerrascht.

Repeat!

Awer trotz de villsäitege Referenzen ass "Wide Awake" ni nostalgesch, an ëmmer kohärent a pertinent. Et ass eng kuerzweileg Plack, déi no Repeat rifft. Et ass definitiv en Album, deen eis dëse Summer wäert begleeden. Et ass awer och e Soundtrack, deen tendenziell ville Leit um Wee fir op d'Aarbecht eng subversiv Flou an d'Ouer kéint setzen.

The Revolution will not be Spotified. Oder vläicht awer?

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Riley
Album vun der Woch

De Folkmuseker vun Chicago proposéiert op sengem neien Album progressiv a kontemplativ Téin. Eng duuss Sonndeg Moie Plack, déi een awer och duerch de Rescht vun der Woch ganz charmant begleet.

International Music
Album vun der Woch

Eng Band International Music ze nennen heescht gläichzäiteg alles a guer näischt. Déi dräi jonk Hären aus Essen hu mat hirem Album en Highlight vum däitschsproochege Pop/Rock vum Joer ofgeliwwert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen