De Vibraphonist Pascal Schumacher vertrëtt also Lëtzebuerg am Januar 2018 um Eurosonic Festival an Holland. Ee Festival, deen dëst Joer mat iwwer 40.000 Visiteuren ausverkaf war. Et wier een interessante Moment, well de Projet "Drops and Points" elo géif ufänke "geräift" ze sinn, esou de Pascal Schumacher. Op der Plack kombinéiert hie Vibraphon, Piano, Guitar a Sträicher mat elektronescher Musek. Den Album ass Uganks des Jores erauskomm.
"Nei Reseauen opmaachen"
De Pascal Schumacher wëll mat sengem neie Projet ënnert anerem de Pop-Marché cibléieren. Déi mannst klassesch Jazz Festivale géif just nach rengen Jazz ubidden.
"Well se och no de Leit musse kucken, déi op d'Concerte solle kommen. Dat heescht, et ass ganz kloer, datt déi souguer frou si wann den Jazz eppes mécht wat vläicht och aner Leit kann unzéien. Gläichzäiteg ass et fir mech interessant, fir nei Reseauen opzemaachen."
Dat wier schwéier, awer och spannend, esou de Pascal Schumacher. Am Jazz Beräich géife vill Leit op d'mannst säi Numm kennen. An enger Welt, déi méi komplex wier, misst een dat erëm nei opbauen.
Nei musikalesch Ausriichtung
Mat "Drops and Points" huet de Pascal Schumacher nämlech ee Schrëtt vum Jazz ewech an d'Richtung vu Pop an elektronescher Musek gemaach. "Eng Entwécklung, déi ganz natierlech entstanen ass", mengt de Museker. Mam Album "Drops and Points" wieren e puer Saachen opgebrach ginn. "Et sinn elo net méi déi Rhythmus Sektiounen dran, wéi dat am Jazz üblech ass."
Säi neie Stil wier net nëmmen duerch d'Elektro-Musek vum Lëtzebuergesche Pianist Francesco Tristano beaflosst ginn. Mä och duerch all déi aner Collaboratiounen, déi iwwert d'Jore mat verschiddene Museker entstane wieren.
De Feedback fir säin neien Album wier ënnerschiddlech gewiecht, seet de Pascal Schumacher. Déi eng wieren Amateur dovun. "An et gi natierlech och Leit, déi leiwer hu wann de Pascal Jazz spillt a swingt. Mä dat ass awer fir mech net ausschlaggebend." Säi nächsten Album wäert ënner Ëmstänn bësse manner elektronesch ginn, "mee doudsécher net jazzeg."