Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Beirut - Nantes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Metal beim Molen

Musikalesch Visitekaart: Patricia Lippert

Metal beim Molen

"Patricia Lippert s’est imposée comme la bonne fée de l’art luxembourgeois décliné au féminin. Admirable conteuse, elle distille dans son art, pour notre plus grand plaisir, des bribes de son imaginaire flamboyant et poétique". Esou beschreift ‘Ons Stad’ 2014 déi bekannte Kënschtlerin, déi zu Eppelduerf a Berlin lieft a schafft. Entdecke kann een d’Patrica Lippert awer och iwwert d’Musek, déi si mat an d’Emissioun ‘Musikalesch Visitekaart’ bruecht huet.

Mike Tock, po

auto_stories

3 min

©Patricia Lippert

Nom Prinzip "carte blanche" huet d'Patricia Lippert eng Stonn laang d’Playlëscht no hirem Goût zesummegestallt. Dass dobäi kee gängegen Hitparadekascht opdaucht, dierft net iwwerraschen. Si lauschtert "queesch duerch de Gaart", vu franséischer Chanson, iwwer klassesch Musek, bis zu ganz verschiddenen Zorte Metal: "Ech si kee Rassist an der Konscht", sou hir Erklärung.

D'Playlëscht fänkt un mat zwee franséische Chansonnieren, dem Damien Saez an dem Léo Ferré. Dem Damien Saez seng Texter géifen dat erëm spigelen, wat si iwwert d'Gesellschaft denkt, sou d'Patricia Lippert. Ausgesicht huet si sech "Les Anarchitectures", ee Lidd an deem et zum Schluss heescht:

Salut toi mon étoile au loin
l'illuminé de nos chemins
s'éclairera bientôt je sais
si l'on n'en perd pas le parfum
vigilance à tous nos esprits
et feu de tous les journalismes
puisque toujours il faut combattre
des nouveaux temples
les fascismes.

Mam Bashung an d'Ardèche

Weider geet et mam spuenesche Flamenco-Sänger Camarón de la Isla, mam däitsche Komiker a Muséker Helge Schneider a mam franséische Sänger Alain Bashung. D'Patricia Lippert ass selwer iwwerrascht, dass an hirer musikalescher Visitekaart ("wat jo och ee Selbstporträt ass") bal just männlech Stëmmen ze héiere sinn. Mee an hirem Choix wier eng Linn drann, mat engem éischter ironeschen Ënnertoun. All d'Stécker hätten eng immens Stäerkt: "Ob se romantesch an douce sinn, oder revolutionär". Dat entweder vum Text hir, oder duerch d'Melodie an de Rythmus.

Mam Alain Bashung verbënnt d'Patricia Lipper d'Zäit, wou si an der Ardèche gewunnt huet. Op enger Rees mat hirer Duechter hätt si viru Kuerzem gemierkt, dass do nieft den neien "Aussteiger" nach ëmmer d'Hippien aus de 70er liewen. Da kéint ee vergiessen, dass Frankräich deemnächst vum Front National kéint regéiert ginn: "Wat net wäert sinn, hoffen ech". Den Alain Bashung hält si fir "ee grousse Poet". Säin Ëmgank mat der Sprooch wier, "wéi wann een eppes ganz guddes géif degustéieren."

Da geet et weider mat vill Metal. Matbruecht huet d'Patricia Lippert Stécker vun Apokalyptika, Mutiny on the Bounty, Root Revelation an Arkaeon. Vill Leit kéinten net verstoen, wat um Metal flott ass. Si géif dës Musek besonnesch genéissen, well do een anere fir si rosen ass. Aus der Roserei vun de Museker kann d'Kënschtlerin dann "eppes Zwee-Dimensionales" maachen.

Beim Mole lauschtert d'Patricia Lippert och gäre Richard Wagner, deem seng Ouverturë fir si ganz staark dem Metal gläichen: "Et huet dee selwechte 'Mood', Elan an Enthusiasmus. An och déi selwecht Opulenz". Hir Léift fir Metal deelt d'Patricia Lippert nämlech mat hirem Fils, dee Gittarist bei Root Revelation war an elo bei Arkaeon spillt. D'Band huet hire Proufraum nieft dem Patricia Lippert hirem Atelier. D'Lautstäerkt stéiert si net, de Proufraum wier gutt isoléiert.

Déi musikalesch Visitekaart vum Patricia Lippert geet mat engem vill méi doucë Song op en Enn: Mam Leonard Cohen sengem "A Thousand Kisses Deep".