Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Djurkel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Perfektioun ass geféierlech"

Klassesch Musek

"Perfektioun ass geféierlech"

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass op Tournée a Spuenien mat Concerten zu Madrid, Valencia, Saragossa an Alicante. Als Solistin ass d'Patricia Kopatchinskaja invitéiert, eng vun deenen aussergewéinlechste Geiistinnen aus der jonker Generatioun.

auto_stories

2 min

Patricia Kopatchinskaja. Foto: Julia Wesely

D'Geiistin Patricia Kopatchinskaja ass eng kleng Persoun, déi schei wierkt. Hire Bléck ass awer waakreg, bestëmmt, selbstbewosst. Mat hiren onkonventionellen Interpretatiounen iwwerrascht d'Geiistin de Public ëmmer erëm.

A genee dat ass och hir Absicht. "Ass et interessant, wa Geiisten ee Concerto permanent op déi selwecht Manéier spillen?", freet d'Musekerin. Eng rhetoresch Fro - fir si muss all Optrëtt, all Concert eppes Neies bréngen. Wien dat net wéilt, kéint sech CDen unhéieren, mengt d'Musekerin. D'Patricia Kopatchinskaja ass keng Frëndin vun der Traditioun. Si hält sech do un de Gustav Mahler, dee sot ,"Tradition ist nicht die Asche, sondern das Feuer".

Keng Kompromësser

D'Geiistin provozéiert ganz bewosst den Affront géintiwwer den Erwaardunge vum Public. "Wie mech engagéiert, weess op wat hie sech aléist!" Am Ufank vun hirer Carrière wier et schwiereg gewiescht, Orchestere mat eeleren Hären, déi zanter Joren dat selwecht gespillt hätten, vun hirer Manéier z'iwwerzeegen. Haut fillt d'Patricia Kopatchinskaja sech opgrond vun hirem Standing an der Musekszeen staark genuch, fir keng Kompromësser méi ze maachen.

Op der Tournée mam OPL spillt d'Geiistin d'Concerti vum P.I. Tschaikowsky a vum Robert Schumann. An obschonns si virdrun nach ni mam Gustavo Gimeno, dem Chefdirigent vum OPL, zesummegeschafft huet, fillt se sech extrem wuel mat senger Direktioun. "Mam Gustavo ass alles méiglech. Hien ass kee Verkéierspolizist, deen d'Regele bestëmmt, mee een exzellente Kammermusekspartner. Een deen nolauschtert an oppen ass fir nei Iddien."

"CDe maachen ass schizophren"

Fir d'Particia Kopatchinskaja spillt d'Musek am Concert. Et wier egal, ob dat an enger Garage oder am Wiener Musikverein wier. "D'Musek ass wéi eng Bibel, si ass ëmmer helleg - an enger Scheier grad ewéi an enger Kathedral", ass der Geiistin hire Credo. Well de Concert Plaz fir Iwwerraschunge géif loossen, dierft och emol eng Nout falsch sinn. Perfektioun ass nämlech net der Musekerin hiert Zil. "Perfektioun ass geféierlech. D'Musek verléiert doduerch alles, wat si lieweg mécht." Duerfir dierft si eigentlech keng CDen maachen, mengt d'Kënschtlerin. Dëst, well een do all Fehler redresséiere kéint. "CDe maachen, ass schizophren", gesteet d'Patricia Kopatchinskaja.

D'Patricia Kopatchinskaja ass eng gefrote Geiistin a vill ënnerwee. Et géif hir awer net dorëms goen, permanent an der Ëffentlechkeet zestoen. "Meng Carrière riicht sech no menger Famill." D'Geiistin seet, si wéilt méiglechst vill Zäit mat hirer Duechter verbréngen, eng gutt Mamm sinn, gesond a virwëtzeg a virun allem - trotz dem Succès op der Bühn - ee Mënsch bleiwen.