Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Peter Broderick: Musek déi otemt

Multi-Instrumentalist

Peter Broderick: Musek déi otemt

Den amerikanesche Museker a Komponist iwwerrascht duerch seng Villsäitegkeet. Als Solo-Kënschtler oder als Deel vu Kollektive mécht de Peter Broderick Musek, déi accessibel, awer ni langweileg ass.

auto_stories

4 min

YS: Wann een Är Musek lauschtert, héiert een d'Loft an de Raum. Et kritt een en Androck vum Ëmfeld, an där d'Opnam entstanen ass. Huet de Lieu, wou Dir lieft a schafft, en Afloss op Är Aarbecht?

PB: Jo, absolutt, obwuel et éischter onbewosst geschitt. All meng Musek ass ëmmer duerch meng perséinlech Erfahrunge gepräägt, egal wou dat ass. Ech fannen dat gutt, mat der Loft. Ech benotze gäre Rou a Raum als Elementer a menger Musek. Ech spille gär mat Pausen. A wann d'Rou fort ass, fillt d'Musek sech nach méi staark a méi kräfteg un.

Är Musek ass schwéier ze definéieren oder ze beschreiwen, well se ëmmer anescht ass. Wat ass fir Iech de roude Fuedem? Wat hält d'Musek zesummen?

Ech kann dat selwer net genee soen. Et kéint ganz einfach meng Persoun sinn. All Mënsch ass eenzegaarteg an huet der Welt eppes anescht ze bidden. Deen eenzege roude Fuedem, deen ech bis elo fonnt hunn, sinn ech selwer.

Heiansdo spillt Dir eleng, heiansdo awer och mat anere Leit. Dir waart zum Beispill och Member vun Efterklang. Wéi wichteg ass Iech déi Ofwiesselung? Wéi wichteg ass Iech den Input vun anere Museker an d'Méiglechkeet fir eleng z'experimentéieren?

Wann ech ze laang eleng spillen, verlaangeren ech no enger Zäit dono, fir mat Frënn zesumme Musek ze maachen. A wann ech vill kollaboréieren, da wëll ech erëm maache kënne wat ech wëll, ouni engem anere mussen ze gefalen. Fir mech war et ëmmer eng Balance tëschent deenen zwee.

Wat ass Äre musikaleschen Hannergrond? Hutt Dir Iech alles selwer bäibruecht oder waart Dir op enger Museksschoul?

Musek kënnt virun allem vu menger Famill. Meng Eltere si Museker. Wa si keng Kanner kritt hätten, da wier elo wéinstens ee vun hinne professionelle Museker. Si waren immens passionéiert. Ech hunn och zwee eeler Geschwëster, sou datt d'Haus scho voller Instrumenter war, wéi ech gebuer gouf.

Mat siwe Joer hunn ech ugefaange Gei ze spillen. Dat hunn ech sechs oder siwe Joer laang gemaach. Wéi ech Teenager war, hunn ech d'Gei net méi cool fonnt, an ech hunn ugefaangen elektresch Gittar ze spillen. Eréischt puer Joer méi spéit hunn ech d'Gei nees ugefaangen z'appreciéieren. Als Teenager hunn ech och ugefaangen, mech generell fir Instrumenter z'intresséieren an ze sammelen. Ech hunn zum Beispill bei engem Frënd um Späicher een Akkordeon fonnt, deen ech hunn dierfe mat heem huelen.

Esou hunn ech immens vill Instrumenter gesammelt. Um Community College hunn ech zwee Joer Musekstheorie geléiert. Ech hat een immens gudde Proff, vun deem ech vill geléiert hunn. Mä ech war mir déi ganzen Zäit iwwer bewosst, datt d'Musekstheorie net ze vill Afloss sollt huelen op déi Musek, déi ech wollt maachen. Meng Musek sollt vu Gefiller inspiréiert sinn. D'Musektheorie gesinn ech als Outil, op dat ech kann zeréckgräifen.

De Moien hunn ech de Video zu "If I Were A Runway Model" gekuckt. An deem Track looped Dir lauter verschidden Instrumenter. Dat fannen ech faszinant. Schafft Dir dacks op dës Aart a Weis?

Wéi ech fir d'éischte Kéier eng Loop Pedal gesinn hunn, war ech faszinéiert, datt eng Persoun domat esou vill Sound maache kann. Ech hunn direkt ugefaangen et ze benotzen. Meng vill Instrumenter konnt ech lo endlech alleguer gläichzäiteg spillen. Déi éischt Joren hunn ech ëmmer vill Instrumenter mat op Tour geholl an ech hu vill gelooped. Mä iergendwann hunn ech mech gefrot: "Kéint ech e Lidd maachen, wou ech just Gittar spillen a sangen, an dat geet duer?" Ech hunn du ganz domat opgehalen.

Mëttlerweil benotzen ech dat awer nees e bëssen. Just fir de Sound bësse méi "orchestral" ze maachen. Bësse méi en décke Sound, dat dréit zu der Dynamik vum Concert bäi.

Dat Stéck, wat Dir mengt, hat ech am Fong fir eng Moudeshow geschriwwen. Ech wollt eppes maachen, wou vill verschidden Instrumenter géife virkommen, awer ech wousst, datt ech eleng wier.


De 7. Februar war de Peter Broderick fir e Concert an de Rotonden.

Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Peter Broderick

Peter Broderickplay_arrow