Radioen

On air

Notturno  |  Hayden Pedigo - Elsewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pit Dahm Trio: Mathé a Fräiheet

Album vun der Woch

Pit Dahm Trio: Mathé a Fräiheet

De Batteur Pit Dahm presentéiert säin éischten Album als Bandleader. "omicron" ass hallef geschriwwen, hallef improviséiert. Trotz der Fräiheet wär et kee Kaméidi, verséchert de Museker.

auto_stories

3 min

Pit Dahm

"omicron" ass dem Batteur Pit Dahm säin Debut als Bandleader. Den Album gëtt de 6. Mee op där Plaz virgestallt, wou en entstan ass: Zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz.
D'Danièle Igniti hat d'Museker am Dezember 2015 fir eng Residence invitéiert. Bannent véier Deeg hu si "omicron" opgeholl. "Et war wierklech genial," seet de Pit Dahm iwwer d'Experienz am Kulturzenter. "Super flexibel a super Sound."

Hallef geschriwwen, hallef improviséiert

Omicron ass dee klengen "o" aus dem griicheschen Alphabet. De Pendant zum groussen Omega. D'Titelstéck vum Album baséiert op Nimm. De Pit Dahm huet Nimm an Zuelen ëmgewandelt an dunn dës Zuelen an Nouten. Mam Album demonstréiert de Batteur, wat fir hie wichteg ass: Eng Balance tëschent geschriwwener an improviséierter Musek. "Dat hescht, datt ee sech vun iergendeppes inspiréiert an duerno mat deem Material seng eegen Iddien weider entwéckelt."

Den Trio gëtt um Album vum hollännesche Pianist Harmen Fraanje begleet. Den Titel "Duo" ass eng Improvisatioun vum Pit Dahm mam Harmen Fraanje. Déi war spontan entstan, wou déi aner Museker an d'Aptikt waren, fir dem Saxophponist eppes géint de Kappwéi kafen ze goen.

Pur Emotioun, kee Kaméidi

De Pit Dahm wëll sech mat dësem Wierk net op ee Stil festleeën. Et wär improviséiert Musek: "Eppes wat éierlech aus engem erausspruddelt. Et ass eng ganz pur Emotioun, wa mir ophuelen a wa mir zesumme spillen." Hir Musek hätt awer näischt mam Free Jazz à la Ornette Coleman ze doen, sou de Batteur. Well et fräi wär, géif dat net bedeiten, datt et Kaméidi wär. Melodien, Balladen an agängeg Momenter maachen "omicron" zu engem Wierk, dat net just Jazz-Fans ka begeeschteren.

Als fräie Mataarbechter vum radio 100,7 presentéiert de Pit Dahm verschidden Jazz-Emissiounen.


Audio: De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Pit Dahm.​