Radioen

On air

De Moien  |  Motel Club - Sur Le Fil (feat. Celia Kameni)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Placebo - Humpty Dumpty

Sample vun der Woch

Placebo - Humpty Dumpty

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

1971 koum "Ball Of Eyes", den Album vu Placebo, eraus mam Lidd "Humpty Dumpty". Dat war deen éischte vun hiren dräi Alben. Placebo ass eng Jazz-Rock-Grupp vu Bréissel, déi ufanks d'Seventies aktiv war. Si spillen eng Mëschung tëschent experimentelle Sounds, kultesche Synths an absurde Kombinatiounen. Hire Leader huet Marc Moulin geheescht. Hie war e verrécktent Keyboard Genie an ass leider 2008 vun eis gaangen. Op dësem Album maache si e puer Reprisen, wéi zum Beispill vu Marvin Gaye oder Isaac Hayes. Mee "Humpty Dumpty" ass en original Track.

Déi catchy Melodie vum Lidd gouf 2006 vum J Dilla op sengem "Love Jones" benotzt. Et koum op sengem Album "The Shining" eraus. Dat war de Follow-Up zu "Donuts", deen no sengem Doud erauskoum. Den J Dilla ass gestuerwen, wéi just 75 Prozent vum Album fäerdeg gestallt waren. De Rescht gouf vum Karriem Riggins komplettéiert. Säin Afloss op den Drums vun dësem instrumentale Lidd ass ganz besonnesch erauszehéieren.

2017 huet d'Grupp Abstract Orechstra dann nach en Hommage un den Dilla gemaach, andeems si säin Album ganz mat richtegen Instrumenten nogespillt huet. Abstract Orechstra ass nämlech eng Allstar Hip-Hop-Big-Band", wéi si sech selwer beschreift. Se besteet aus 18 englesche Museker, alleguer hanner dem Rob Mitchell, deen aus Leeds kennt. D'Konzept ass anscheinend, alles esou dacks wéi méiglech an engem Take opzehuele mat enger gudder Dosis Improvisatioun. D'Lidd huet eng Hip-Hop-Identitéit, mee ass an enger jazzeger Form eriwwerbruecht. Abstract Orchestra huet och d'Albe vu Madvillain oder Slum Village instrumental nei verëffentlecht.

Zu gudder Lescht nach e Lidd vum Guru senger bekannter "Jazzmattaz" Serie. Um Volume 4 war nämlech d'Lidd "State Of Clarity (Solar Remix feat Common, Bob James)", dat och dee selwechte Sample benotzt. Dat war de Bonustrack vun der australescher Versioun vun der CD. Guru war eng Hallschent vun der Grupp Gang Starr mat enger Karriär vun iwwer 20 Joer. Ech ka mech genee un de Video erënnere mat engem Mix aus dem Cartoon "Fritz The Cat". Dëst Lidd ass e bësse manner jazzeg wéi déi aner, bësse méi modern, mee Guru war Rap-teschnesch bis um Enn vu sengem Liewen ëmmer nach an top Form!