Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poetesch, verdreemt an einfach nëmme stëmmungsvoll

Klassik-CD vun der Woch

Poetesch, verdreemt an einfach nëmme stëmmungsvoll

De Geiist Pierre Fouchenneret, den Cellist Raphaël Merlin vum Quatuor Ébène, de Pianist Simon Zaoui an den Tenor David Lefort proposéieren en net-chronologesche Spadséiergang duerch dem Gabriel Fauré seng Kammermusek. Trioen, Duoen a Stécker fir Piano solo stinn nieft Lieder a formen e Ganzt mat engem eenheetleche musikalesche Charakter.

auto_stories

2 min

CD: Gabriel Fauré - Horizons

Label: Aparté

Wierker: Kammermusek, Lieder a Stécker fir Piano-Solo

Interpreten: Pierre Fouchenneret, Simon Zaoui, Raphaël Merlin, David Lefort

Interpretatioun: 4/5
Klangqualitéit: 4/5


Um Cover: Véier Museker mat Schnutz. Firwat? Nieft senge Wierker war de Komponist Gabriel Fauré bei sengen Zäitgenossen och fir säin deels gezwirbelten, deels buschege Schnurrbaart bekannt. Mä och wann de Schnurri bei de véier Museker offensichtlech falsch an opgepëscht ass, schéngen si een anert, net siichtbart Mierkmol vum Komponist a sech ze droen: seng Musikalitéit. Op d'mannst kënnt dat engem esou vir, wann een hiren Disk lauschtert. Opgeholl an zwou Sessiounen, héiert e sech u wéi aus engem Goss. Wéi wann d'Emotioune vun enger eenzeger Persoun zum Ausdrock bruecht géinge ginn, egal wéi eng Formatioun grad spillt.

Ofwiesslung mat Kohärenz

Op deenen zwee Diske mat hiren insgesamt circa 150 Minnutte Spillzäit fënnt ee Wierker fir Gei, Piano an Cello a bal alle méigleche Variatiounen. Sief et en Trio, en Duo oder e Stéck fir Piano-Solo. An trotz dëser Variatioun transportéiert den Disk ee musikalesche Gedanken. D'Stécker hunn alleguerten e poeteschen, bal verdreemte Charakter. Mat der éischter Nout vum éischte Stéck gëtt eng Stëmmung kreéiert, déi an hire Grondsätz bis zum Schluss bestoe bleift.

L'horizon chimérique

Dat Wierk, dat am Ufank vum zweeten Disk steet, an domadder am Mëttelpunkt vum Programm ass den "horizon chimérique". E klengen Zyklus vu véier Lieder fir Stëmm a Piano. Et ass dat eenzegt Wierk, un deem den Tenor David Lefort bedeelegt war. A leider muss ee soen, datt dëse Mëttelpunkt net iwwerzeegt. Och wann dem David Lefort säin Timber gutt an de generelle Klang vum Disk erapasst, an hien déi generell Stëmmung trëfft, feelt et e bëssen un Expressivitéit. Eng Expressivitéit, déi ee ganz däitlech an der Gei vum Pierre Fouchenneret an och am Cello vum Raphaël Merlin héiert. Dëst gëtt ganz däitlech am direkte Verglach.

De perfekten Disk fir e gemittleche Wanterowend

Den Disque "Horizons" weess duerch säin eenheetlech verdreemte Charakter z'iwwerzeegen. Dofir, datt et net langweileg gëtt suergen déi verschidde Besetzungen. Insgesamt passt dës CD perfekt an d'Stëmmung vun engem gemittleche Wanterowend.