Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Pol Belardi a säin "Urban Voyage"

CD-Tipp vun der Woch

De Pol Belardi a säin "Urban Voyage"

"Urban Voyage" war ufanks eigentlech als Examensprojet geduecht, huet sech awer séier zu engem Gesamtkonzept entwéckelt. Kapp vum Projet ass de Pol Belardi, dee sech als Jazz-Komponist, zu Lëtzebuerg an och international, ëmmer méi een Numm mécht. Zesumme mat zéng weideren talentéierte Museker, dorënner de Pit Dahm um Vibraphon an de Jérôme Klein um Synthesizer, geet de Pol Belardi lo also op eng spannend Rees duerch urban Landschaften an Erënnerungen.

Manuel Ribeiro / ckl

auto_stories

3 min

Pol Belardi: "Ech hunn ëmmer probéiert, dat alles opzesaugen" (©Sven Becker)

Fir de Pol Belardi, och 100,7-Mataarbechter, ass den Jazz keng Musek déi just op sech bezunn ass. Am Géigendeel, den Jazz ass op fir aner Museksgenren, seet hien. Op also och fir aner Influenzen dran era fléissen ze loossen, wéi Pop, Hip-Hop oder Groove beispillsweis. An dat héiert een um leschten Album vum Lëtzebuerger.

No enger Rei vu Concerten ënner deemselwechten Titel, dorënner een zu Diddeleng op der Schmelz, ass Pol Belardi’s Urban Voyage zu enger Studios-Realitéit ginn. Ugangs sollt et nëmmen en Examensprojet sinn, fir d'Studien um Conservatoire zu Amsterdam ofzeschléissen.

Geprägt hunn de Pol Belardi fir dësen Album ënner anerem autobiographesch Elementer: d’Influenzen an Andréck vun engem jonke Mënsch, dee vum Land an eng Stad zitt, an alles op sech wierke léisst. Dëst gëtt de Pol Belardi hei a Form vu Musek erëm, mat verschidde Stëmmungen, Tempi, Genren an Atmosphären.

"Ëmmer rem inspiréiert an influenzéiert"

"Ech hu vun doheem eng ganz bestëmmten Empreinte matgeholl. An an deene Stied wou ech studéiert hunn, zu Bréissel an Amsterdam, an do wou ech higereest sinn, sinn ech ëmmer rëm inspiréiert an influenzéiert ginn. Dat huet zum Deel och mat Leit ze dinn, déi een an deene Stied trëfft, mat der Musék... Ech hunn ëmmer probéiert, dat alles opzesaugen" erënnert de Pol Belardi sech.

"Urban Voyage" ass d'Resultat dovun. Zéng Tracke sinn op dësem Album ze fannen, woubäi de längsten Track, "Urban Voyage" selwer, eigentlech a véier Partien opgedeelt ass. Et ass eng flott Suite vun ëm di 23 Minutten, mat vill Variatioun a Stëmmungen, déi duerch eng Intro an en Interlude getrennt sinn.

Wéi een Dag, dee lues a lues un d'Rulle kënnt

Eigentlech geet den Album u mat "Sun": Eng Intro mat héijen Téin bis dann de Piano asetzt... et erënnert tatsächlech wéi den Dag mam Opgoe vun der Sonn ugeet bis, lues a lues, den Dag am Rhythmus un d’Rulle kënnt, hei mam Asaz vu Vocals a vun der ganzer Band. Weider och interessant "Dancing with the moon", "At the control station" oder "Autumn"

Fir Pol Belardi’s Urban Voyage, ass de Pol Belardi mat zéng Museker op der Bühn:

  • Loran Witteveen – piano                      Jérôme Klein – Synthé
  • Eran Har Even – Gittar                         Jeroen Batterink – drums
  • Natanael Ramos Garcia – Trompett     Pit Dahm – Vibraphon
  • Efe Erdem – Trombone                        Fernando Sanchez – Bariton
  • Itai Weissman – Saxophon                   Mara Minjoli – Gesang

D'CD-Release vun der Studiosversioun ass de 25. Mäerz 2016 an der Rockhal. Infoen och op www.polbelardi.com

Lauschtert och den Interview vum Manuel Ribeiro mam Pol Belardi: