Radioen

On air

De Moien  |  The Drums - Blood Under My Belt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Politik ass iwwerall"

Neneh Cherry - Broken Politics

"Politik ass iwwerall"

D'Neneh Cherry ass eng ganz besonnesch Sängerin. Et weess een ni, wat ee vun hir erwaarde kann. Vu Punk iwwer Hip Hop an Jazzz bis experimentell Danzmusek huet si villes probéiert, ouni Anerer z'imitéieren. E Freideg koum hiren neie Longplayer "Broken Politics" eraus. Een introspektiven Disk.

auto_stories

3 min

Bal schonn 30 Joer ass et hier, datt d'Neneh Cherry mat "Buffalo Stance" d'Charts gestiermt huet. Déi Musek, déi d'Sängerin haut mécht, huet keng Chance méi, fir an d'Charts ze kommen. Wéi si sech 2014 no 18 Joer Paus mam Album "Blank Project" zeréckgemellt hat, konnte sech just Museksfans mat engem oppene Geescht mat hirem neie Sound ufrënnen. De Kieran Hebdan alias Four Tet, en incontournabele Personnage aus der Londoner Club-Landschaft, huet den Album produzéiert. An als Backing-Band hat d'Neneh Cherry sech d'Bridder Page alias Rocketnumbernine u Bord geholl. D'Approche war radikal, alles war live, et goufe keng héierbar Overdubs. Just e Skelett aus monotonem Getrommel a repetitiven, zum Deel atonale, Synthie-Figuren.

Och beim neien Album "Broken Politics" ass den Hebdan fir d'Produktioun responsabel. Awer amplaz vu Rocketnumbernine ass der Neneh Cherry hir Stëmm dës Kéier op méi typeschen, organesche Four-Tet Beats aus dem Laptop gebett.

Neneh Cherry - Kong

manner aggressiv a méi introspektiv

"Broken Politics" ass manner aggressiv, wéi nach "Blank Project". E wierkt nach méi introspektiv. Eng ganz Rëtsch méi gemittlech Nummeren ënnersträichen déi Impressioun.

D'Neneh Cherry abordéiert grouss Themen, wéi Politik, Waffen a Gewalt, awer op engem perséinlechen Niveau. Si bleift op Aenhéicht a behaapt net, Léisunge parat ze hunn. Den Titel "Broken Politics" kann een duerchaus als simpel Observatioun vun de politesche Realitéite gesinn. Et kann een et awer och als perséinlech Frustratioun interpretéieren. Politik fänkt am klengen un, seet d'Neneh Cherry: Am Schlofzëmmer, bei enger Diskussioun, engem Engagement, enger Aktioun.

Stilistesch erënnert "Broken Politics" net seelen un de Sound vu Bristol aus den 90er. Op schleefende Beats kann déi 54-Jähreg, wéi bei "Faster Than The Truth" mat hypnoteschem Spriechgesang iwwerzeegen.

Neneh Cherry - Faster than the truth

Trotz méi Harmonien an den Arrangementer, enger vill manner eckeger a rauer Instrumentéierung wéi um Virgänger-Disk a méi enger ofwiesslungsräicher musikalescher Palette, ass "Broken Politics" keng gezéckert Affaire. Den Album verlaangt, datt een ëm nolauschtert. D'Neneh Cherry wëll gelauschtert a gehéiert ginn, an dofir soll ee sech w.e.g. e Minimum druginn. D'Refrainen däerfe matgesonge ginn, mee dofir soll ee se w.e.g. e puermol lauschteren.

Duechter vum Don Cherry

D'Neneh Cherry ass e liewegt Stéck Pop-Geschicht. D'Duechter vum bekannten Jazz-Trompettist Don Cherry huet mat 14 d'Schoul ofgebrach an huet zanterhier vun a mat der Musek gelieft. Si ass mat hirem Papp op Tournée gaangen, huet a Punk-Bands gesongen, huet als Hip Hop-DJ gegiggt, bis si an de spéiden 80er als déi Pop-Sängerin bekannt gouf, déi mir kennen.

Der Neneh Cherry hiert ganzt Liewen, hir ganz Erfahrungen an d'Schoul vun der Strooss, schwéngen an hirer Musek mat. Wann een dës Dame viru sech op der Bühn stoen huet, hëlt si een einfach mat. Ech wënsche mir, datt ech dës Kéier net muss op Barcelona fueren, mee vläicht just bis an d'Stad oder op Esch.