Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Press Enter, a lass

Nei CD vum Greg Lamy 4tet

Press Enter, a lass

De leschten Opus vum Quartett mam Titel "Meeting", bei Igloo Records, koum 2014 eraus. An och déi nei CD "Press Enter" soll beim selwechte Label releast ginn, mat engem offiziellen Event: de 7. Oktober an de Rotonden zu Bouneweg am Kader vun engem Concert.

auto_stories

2 min

Néng Titelen plus e Bonus Track sinn op dësem neien Album ze fannen. "Press Enter" ass jo e Begrëff, dee mat Computertastaturbezeechnungen ze dinn huet, mee musikalesch, esou de Greg Lamy, soll en dorënner awer net onbedéngt eppes siche goen, ausser, dat verschidden Titelen no weidere Computerbegrëffer (Control Shift, Exit, Erase), benannt sinn.

Schonn iwwert zéng Joer spillen déi selwecht Museker am Greg Lamy 4tet: Johannes Müller (Saxophon), Gautier Laurent (Bass), Jean-Marc Robin (Batterie) an de Greg Lamy (Gittar).

Ewech vum Akusteschen

Wann déi lescht Albumen vum Greg Lamy 4tet méi akustesch waren, dann huet de Greg Lamy sech dës Kéier kompositoresch dovunner distanzéiert.

"Mam Quartett gi mer elo an eng Richtung déi méi 'modern' ass. Ech hunn ëmmer mat enger semi-akustescher Gittar gespillt. Elo spillen ech mat enger elektrescher Gittar a ka mer méi Verzerrungen a méi Effekter, erlaben", esou de Greg Lamy. Derbäi verréit hien: "Ech si ganz frou, datt de Quartett dat matmécht. Mir ginn all zesummen an eng Direktioun, déi eis gefält. Kloer kléngt d'CD méi modern, mat méi saturéiert Téin."

An tatsächlech kléngt den neien Album méi "elektresch", mat Influenzen vu Rock, Blues a Funk. Dynamesch, a méi nervös Titelen alternéieren mat méi luesen. Nervös a paakend Stécker wiesselen sech mat éischter bluesaartege Balladen of.

"Press Enter" vum Greg Lamy 4tet ass en Album, deen och net agefleeschten Jazz-Fans gefale kéint.


Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Greg Lamy:

Greg Lamyplay_arrow