Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Propper Interpretatioun - knaschtege Sound

Klassik-CD vun der Woch

Propper Interpretatioun - knaschtege Sound

Et gi Wierker, laanscht déi een net kënnt, wann een e gewëssent Instrument spillt. Immens präsent op dëser Lëscht ass de Johann Sebastian Bach: Wat fir de Piano d'Wohltemperiertes Klavéier ass, si fir d'Gei d'Sonaten a fir den Cello d'Suitten. Dräi vun dëse Suitten huet déi norwegesch Cellistin Bjørg Lewis elo beim Label LAWO Classics erausbruecht.

auto_stories

2 min

Label: LAWO Classics

Interpretin: Bjørg Lewis

Wierker: D'Cello-Suitten 2, 3 a 5 vum Johann Sebastian Bach

Interpretatioun:
Sound:

D'Solo-Suitte fir Cello gehéieren zum Standardrepertoire vun all Cellist a quasi all Cello-Schüler huet op d'mannst eemol a sengem Liewen un der Interpretatioun vun enger geschafft. Deementspriechend existéiere vill Opname vun dëse Wierker an et ass schwéier mat senger eegener aus der breeder Mass erauszestiechen.

E knaschtege Sound

Dëst geléngt der norwegescher Cellistin mat hirem knaschtege Sound. Si léisst de Bou iwwer d'Säite schruppen, esou datt den Toun net méi propper kléngt, mee quasi verzerrt. Dës Verzerrung, gekoppelt mat der grousser Energie an den héijen Tempi erënnert - héchstwahrscheinlech net ongewollt - u Rock-Musek.

E kloer definéierten Opbau

Esou Effekter klenge gutt, passen awer dacks net an d'Gesamtbild vun engem Wierk. D'Bjørg Lewis notzt dëse Sound dofir genee esou, wéi aner musikalesch Ausdrocksmëttel. Si bereet den Nolauschterer drop vir, andeems si ëmmer méi vun deene knaschtegen Téin abaut, bis et zu engem musikaleschen Héichpunkt kënnt. Parallel dozou lafen d'Dynamik an d'Agogik.

Méi, wéi nëmmen Tempo an Energie

Nieft de méi energetesche Stécker tauchen am Bach senge Suitten och ëmmer nees Momenter op, an där d'Musek ganz a sech gekéiert ass. An dëse méi luese Sätz beweist d'Bjørg Lewis, datt si de musikalesche Bou genee esou mat Atmosphär an duerchduechte Phrasë spane kann, wéi mat Tempo an Energie.