De Richard Heinemann, eisen elektronesche Musekskenner a Presentateur vun der Emissioun E-Lodie, huet fir haut (10.8.) déi zwee Dub-orientéiert DJe Koztum a Flextronic vun Tréier agelueden. De Marc Clement huet mam Richard iwwer seng Emissioun, de Set haut den Owend a seng Invitéë geschwat.
Kennegeléiert hunn déi dräi sech an där Zäit, wou de Richard am Rocas als Resident d'Soirée "Upstairs Downstairs" organiséiert huet an ëmmer no DJen aus de Regioun gesicht huet, fir mat hinnen opzeleeën. Bei esou muncher Soirée an der Tréier Villa Wuller huet dëse Kontakt sech gefestegt.
Als Warm-Up gëtt et vu sechs Auer eng Astëmmung vum Richard mat dem Best-Of vun deene leschte Méint E-Lodie, éier et da fir de Rescht vum Owend Dub- an Dubstep-inspiréiert Beats ze genéisse ginn.