Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pure Pop

Phantogram - Ceremony

Pure Pop

Eisen Album vun der Woch kënnt vum New Yorker Duo Phantogram, heescht "Ceremony" an ass pure Pop, fënnt de Marc Clement.

auto_stories

3 min

Do wou aner Museker sech beim Schreiwe wuel-iwwerluechten Entweder-Oder-Froe stelle fir hir Musek einfach a minimalistesch ze halen, schéngen d'Sarah Barthel an de Josh Carter op esou Froe meeschtens mat "Béides!" ze äntweren.

High Intensity

Hei sangen eng Fra an ee Mann, Synthesizer a Gittaren dominéieren den Instrumentalpart, et gëtt Nodenkleches an Danzbares ... vun "oder" keng Spuer. Eng héich Intensitéit bestëmmt den éischten Androck vun dëser Musek, déi mat ville Facetten epatéiert an dach a gewinnte Pop- a Rockstrukture bleift.

Wie Phantogram hire leschten Erfolleg vun 2016, "You Don't Get Me High Anymore" nach am Ouer huet, weess schonn, datt poignant Schlagwierder hinne besser leien, wéi subtil erzielte Geschichten. Pop, och dowéinst, well hire véierte Studioalbum relationell Theeme mat Zäitgeschéien ofwiesselt. Et geet ëm Trennungen, d'Noriichten, ëm déi verréckte Welt dobaussen, déi och banne genuch Duercherneen ervirrifft.

Wa Phantogram op dëser Plack nämlech eppes besonnesch gutt afänken, dann ass et den ambiente Chaos, deen deen och scho virum eisem momentane Krisen-Dosinnn bei esou munch engem fir "Reizüberflutung" gesuergt huet. Eng Welt, an där et, wéi et schéngt, ze vill vun Allem gëtt, an där Vulgaritéit a Sublimes sech erausfuerderen, wou permanent Tensioun nom Asaz vun ëmmer méi grousse Mëttelen ze verlaange schéngt.

Very 90s

Phantogram hir Mëttele fir dëst erëmzegi si grouss elektronesch Batterien a Beats, déi ziddereg Synthien an einfach Gittare rhythméieren, an eng weiblech Lead-Stëmm iergendwou tëschent Garbage hirer Shirley Manson, an der Miley Cyrus. Et ass eng Mëschung tëschent Groove, Triphop an Industrial, déi esou, aller Logik no, am Fong net sollt zesummenhalen. Subtil kléngt anescht. An hei ass vläicht eng Kritik un der Plack ubruecht, well et ginn aner Weeër, eng graff, haart an intensiv Welt ze zeechnen, wéi dës eent zu eent an eng graff, haart an intensiv Musek ze iwwersetzen.

Mee besonnesch an den elektronesche Sounds leie vill schéin Nuancen. Phantogram, de Bandnumm, een Neologismus, deen am Fong keng Bedeitung huet, déi besteet, suggeréiert vläicht d'Silhouette vun engem Phantom, eppes duebel Entkierpertes also, eppes Technologesches oder eng gespenstesch Kommunikatioun vläicht. Den Numm gëtt d'Stëmmung vun dëser Plack esou gerecht, datt ee se esouguer hätt kéinten ouni weideren Titel loossen.

Mee et ass eppes Guddes un deenen zwee hirer Direktheet: si schwätzt aus den Träipen. Wéi funkege Knätschgummi an hallefdäischteren Industrial à la IAMX hei zesummefannen a wéi aus engem Goss kléngen, ass verblüffend. An trotz der Densitéit vum Sound erschléit d'Plack den Nolauschterer net, well och fir verdreemten Otempausen ass heiansdo Plaz.

Tensioun, Energie, Géigesätz

Ëmmer erëm och weisen déi zwee Museker, datt si eng gutt ausgebilte sozial Conscience hunn. Esou maache si sech op "Gaunt Kids" zum Beispill ëm déi jonk Generatioun Gedanken, an hir gesellschaftlech Kriticke sinn ni tockskäppeg oder oppositionell.

Et muss ee keng Dausende Stonne Musek gelauschtert hunn, fir Phantogram hire Message oder hir musikalesch Sprooch ze verstoen. Et ass ee Konschtstéck, wéi d'Plack Géigesätz zesummebréngt a se an een onverkennbare Sound verwandelt. Besonnesch Frënn vu Synthesizer-Sounds waerte sécherlech zweemol lauschteren.