Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radikal Léift an hir Komplexitéiten

Album Vun der Woch

Radikal Léift an hir Komplexitéiten

Fever Ray ass de Soloprojet vun der schwedescher Musekerin Karin Dreijer. Lass goung hir Karriär am Duo mat hirem Brudder Olof, als The Knife, engem Projet, deem déi zwee 2014 d'Aaxt ginn hunn. Op der drëtter Fever Ray Plack ass de Brudder op e puer Stécker nees mat dobai.

auto_stories

4 min

Vill Elementer an der Karin Dreijer hirer Musek schafen Distanz zum Nolauschterer, a ginn ee befriemlecht Gefill. Do wiere fir d'éischt emol déi trafiquéiert Stëmmen. D'Dreijer séngt extrem gären duerch een Effekt, deen d'Geschlecht vun hirer Stëmm kann änneren - wat gutt bei hir reegelméissegen Iwwerleeungen zu Genderfroen an hire Lidder passt.

Et erlaabt hir d'Stëmm vun engem Personnage unzehuelen, an dat ass eng wichteg Manéier fir si, sech auszedrécken. Vill Fever Ray oder The Knife Songs si wéi Mise-en-Scènen oder Gespréicher tëscht erfonnte Persounen.

"Mir hunn eng ganz Rei Personnagen, déi verschidden Emotiounen oder Haltunge representéieren, an heiansdo lafe se esouguer aneneen", erzielt d'Musekerin an engem Interview un d'Press.

Den theatraleschen Opbau, an eng Panoplie vun ëmmer besonnesch expressiven elektronesche Sounds ginn hirer Musek groussaartegen Drama. A Verbindung mat den intellektuellen Themen, a Live-Shows, bei deenen d'Gesiicht mat Mask an de Kierper mat extravaganten oder esouguer eefërmege Kostümer bedeckt sinn, mécht dat Ganzt e bëssen onnahbar, an d'Karon Dreijer huet, méi wéi d'Björk nach mengen ech, de Ruff vun enger richteger Äiskinnigin.

D'Zäit verännert d'Leit, a verwandelt hir staark, jugendlech Meenungen zu méi nuancéierten, méi räiche Point de Vuen. No poppeg-verspillten Ufäng an enger radikal-experimenteller Phas ass dat heiten esou eng Plack fir d'Karin Dreijer.

Den Titel schwätz och Bänn Radical Romantics, een Titel, deen net vun Ufank u fest stoung, mee der Plack nodréiglech zougewise gouf, oder vill méi aus hir ervirgaangen ass, wéi d'Karon Dreijer, déi notoresch interveiewschei ass, der Lëtzebuergescher Press an engem opgehollenen Interview matgedeelt huet.

"Wou d'Plack fäerdeg war, a mir hu se gelauschtert, hu mir gemierkt, datt se iwwert d'Léift handelt."

D'Léift géif ee forcéieren, éierlech mat sech selwer an Aneren ze sinn. Dat wier dee radikalen Akt, dee Léift fir si duerstellt, esou d'Karin Dreijer, méi wéi just ee Gefill. Si mécht sech Suergen em déi jonk Generatioun, ëm Léift am Zäitalter vun de soziale Medien, an em d'Vitess déi eis Gesellschaft eis ofverlaangt, well ee fir Léift, also fir anerer do ze sinn, och Zäit brauch.

Eng "Äiskinnigin" entdeet

Radical Romantics ass deemno iwwerhaapt keng kal Plack, éischt Andréck emol ausgeholl. Déi kal schéngend, futuristesch Elementer an der Musek representéieren d'Hindernisser, deenen een normal Stierfleche bei der Aufgab vun der Léift begéint, an déi hirer Zäit, méi genee eiser Zäit, eege sinn. Dëst schaaft dann eng Rumm fir déi Dialoger a Monologer, déi um Enn der Dreijer hire Songs esou onwarscheinlech vill Jus an Éierlechkeet ginn.

No der erschöpfender Tour mat hirer leschter Plack Plunge wollt d'Karin doheem zu Stockholm decompresséieren, andeems si sech een neie Studio baut. De Brudder ass zäitgläich an d'Heemechtsstad zeréckerënnert an hat dee selwechte Plang.

D'Karin Dreijer beschreift sech selwer als onwarscheinlech ongedëlleg Musekerin - an all Sänger sinn dat, well de Wee vun der Iddi bis bei d'Musek fir ee Sänger esou kuerz ass. Et war Pandemie an den Olof war grad do, wéi sollt et also net passéieren, datt déi zwee erëm géifen zesummeschaffen? Ee schéinen Zoufall fir den Nolauschterer. Bei 4 Tracks huet den Olof Dreijer déi elektronesch Produktioun gemaach. Alles huet evoluéiert zanter The Knife, ass méi fein an detailräich ginn. Alles passt wéi eng Händsch, a wou all Klengegkeet ausgeschafft ass.

Mat der schwedesche Produzentin Nidia huet d'Dreijer um Track "Ghost" zesummegeschafft. Et ass eng Musekerin, déi si bewonnert an déi eng Schwëster an hirem Feminismus ass. Op zwee Tracks hunn den Trent Reznor, bekannt als Nine Inch Nails, an den amerikanesche Komponist Atticus Ross matgewierkt an eng Prise Industrial mat erabruecht.

Déi fantastesch Single "Carbon Dioxide" dogéint gouf mam Brittesche Producer Vessels realiséiert a gehéiert zu deene Gängegsten a Stäerksten op der Plack.

Trotz deene ville Käch huet d'Plack eng remarkabel Eenheet: D'Haaptfra am Spill hält dat Ganzt zesummen, ouni ze vill fest duerno ze gräifen, an och d'Rees duerch déi verschidden Titelen, wéi se een nom Anere kommen, ass immens gutt gelongen.

Um Enn ass "Radical Romantics" eng Aart Theaterspill an deem déi Haaptiddien, déi am Moment eis Gesellschaft beschäftegen, zur Sprooch kommen. Toleranz fir Léift an all hire Formen, d'Adaptéierung vum Aarbechtsliewen, en neien Interêt fir d'Communautéit an den Doheem, dee schnell a Populismus kann ëmschloen - alles dat gëtt hei psychologesch verschafft an a Fro gestallt.

D'Tounlandschaften, déi ech ëmmer nach komplett faszinéierend fannen, hunn näischt un hirer Modernitéit agebéisst a participéieren an der Bedeitung vun de Songs, déi een och da verspiert, wann ee sech net am Detail mat hinne beschäftegt. Ee spéiden, mee grousse Worf!