Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radioaktive Silvester

Radioaktivitéit

Radioaktive Silvester

Zäit fir een Takeout vum 100,7: op eiser Antenn bréngen dräi DJen dëse Silvester vun 20 Auer un d'Clubatmospär bei Iech heem. Dräi DJ-Sets goufe speziell fir d'Geleeënheet zesummegestallt, handgemaach an ongeschnidden. De Sensu, d'Gurl an Der Alte Jäger hu sech hanner d'Platinne gesat fir eis eng Stonn vun hirem Feinsten zesummenzemixen, vun House iwwer Elektro bis Ambient. Live an ongeschnidden

auto_stories

2 min

De Rafael Severi, hanner de Platinne Sensu genannt, huet laang Joren am Bréisseler Underground gewëldert an iwwerrascht zanter sengem Ukommen zu Lëtzebuerg mat Sets, déi Eklektik an Experimentalismus an de Virdergrond setzen.

Seng musikalesch Obsessioune si wäit gefaast a gi vun Industrial bis Ambient, mat allen Zorten Techno riicht an der Mëtt.

"Ech wollt de Verlaf vun engem richtege Party-Owend a konzentréierter Form nomaachen: eng Opwiermphas, een Haaptdeel mat Danzmusek a verrécktem Pop, an ee Cool-Down mat Ambient virum Schlofegoen."

Och der Jill Krecké hire Parcours hëlt säi Laf zu Bréissel, wou si am Konschtberäich schafft, Als "Gurl" mixt si an de Clubs aus House an Elektro villsäiteg a subtil ofgestëmmte Mixer zesummen. Dee Mix, dee si fir d'Antenn op Silvester gemaach huet, kënnt souzesoen direkt vum Terrain.

"Mäi Set ass eng Ofwandlung vun engem, deen ech virun e puer Méint fir e Bréisseler Radio gemixt hat, a vun deem ech ëmmer fonnt hat, e wier net fäerdeg. Deen heite kéint ech genee esou och an engem Sall spillen."

Deen drëtten am Bond nennt sech Der Alte Jäger an huet eng Virléift fir klasseschen House. Den DJing huet de Joe Gaertner entdeckt, nodeems seng Museksgrupp sech viru Joren opgeléist huet.

Ënner senge Fangeren danzen d'Nuetseile "Retro", wéi een et schonn op ville Festivallen a Partyen zu Lëtzebuerg materliewe konnt a virun allem all Mount eemol am Café Rocas op der Biederplaz.

"Ech hunn ëmmer eemol de Mount mat engem Kolleeg am Café Rocas opgeluecht. Mir vermëssen dës Owenter ganz vill a wënschen eis, datt déi am neie Joer erëm kënnen ufänken."

Lauschtert dem Marc Clement seng Gespréicher mat deenen dräi Plackenakrobaten hei.