Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - L'Orso

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radioaktivitéit: DJ Claudio

Live Dj-Set

Radioaktivitéit: DJ Claudio

De Claudio Caruso huet eng Passioun fir Placke vun allen Zorten a Stiler, wéi et sech fir de Bedreiwer vun engem Plackebuttek gehéiert. Säin Häerz awer schléit fir minimal Techno-Musek.


Aus perséinleche Grënn kann d'Emissioun Radioaktivitéit dëse Samschdeg leider net assuréiert ginn. Mir huelen dat zu engem spéideren Zäitpunkt no.

auto_stories

2 min

"Enn der 90er Jore sinn ech fir d'éischt op DJ-Festivallen an der Belsch gaangen, wéi zum Beispill den I Love Techno a war begeeschtert dovunner, wéi ee Platinne kann als Instrumenter asetzen." D'Fangerfaerdegkeet an d'Taktgefill, déi néideg sinn, fir selwer opzeleeën, huet hie sech mat Kolleegen zesummen, oder a laange Stonnen doheem ugëeegent.

Ufank den 2000er huet hie sech dem Frankfurter Kollektiv Funky People ugeschloss an als Resident DJ an de Clubs opgeluecht. "Mir hunn am Fong ni opgehalen opzeleeën. Zu Frankfurt hunn ech och geléiert, datt et kee Wäert huet ze laang nozedenken oder ze waarden, et muss een et einfach maachen an da weidergoen."

Ee vun den neien Trends déi Zäit war d'Erëmentdecke vu minimalem, lëftegen Techno, an deem d'Elementer Raum hu fir sech ze entfalen an eng gewëssen Déift ze entwéckelen. Den Ënnerscheed tëschent Lëtzebuerg an dem Public a gréissere Stied wier d'Mass Critique: seele komme genuch Leit zesummen, déi sech alleguer fir esou ee spezifesche Genre begeeschteren. Dëst huet awer och säi Virdeel: "Crowds", déi op vill verschidde Museken, an engem Esprit vun Diversitéit danze kënnen a wëllen.


Dem Marc Clement säi Gespréich mam Claudio kënnt dir hei lauschteren:

Lauschterenplay_arrow


Aus perséinleche Grënn kann d'Emissioun dëse Samschdeg leider net assuréiert ginn. Mir huelen dat zu engem spéideren Zäitpunkt no.