Tëschent dem 13. an dem 25. November sti 17 Manifestatiounen um Programm vum rainy days-Fesitval 2018. Dorënner Concerten, net an engem Concertssall, mee an de Stuffe vu Privatleit, e Kompositiounsworkshop fir Kanner an e "Bal Contemporain".
D'Directrice artistique Lydia Rilling erkläert de Schwéierpunkt vun der Editioun 2018 am Gespréich mam Guy Engels:
Fir d'Hausconcerte kënnen ze organiséieren hat d'Philharmonie en Opruff u Privatleit gemaach. Doropshin hu vill Leit ugebueden, hir Stuff fir esou e Concert zur Verfügung ze stellen, ënner anerem d'Miljana Mihajlović:
Fir d'Kanner gëtt an der Philharmonie e Workshop organiséiert, wéi d'Lydia Rilling erkläert:
Mat dräi Manifestatiounen ass den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin staark um Festival vertrueden. Op der Affiche stinn nieft engem Concert an engem "Bal contemporain" och eng Kompositiounsakademie. De Luc Boentges huet mat der Directrice Administrative Florence Martin iwwer dës Akademie geschwat: