Radioen

On air

De Moien  |  Europaparlament seet Äddi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referenzpop vun der britescher Insel

Popmusek

Referenzpop vun der britescher Insel

Wéi kléngt Popmusek mat engem jazzy Usproch, wann een déi mat engem bizare medezinesche Phänomen verbënnt? Déi Fro beäntwert "Choose Your Own Adventure" vun der britescher Band Vanishing Twin.

auto_stories

3 min

D'Band Vanishing Twin. Foto: Elliott Arndt

Fir e musikalesche Projet "Vanishing Twin" ze nennen, dat ass scho ganz interessant. Dësen Terme staamt aus der Medezin a beschreift den net ongewéinleche Fall, an deem während deenen éischte Woche vun enger Zwillingsschwangerschaft e Fötus ganz einfach verschwënnt. D’Dokteren erkennen dëst am Ultraschall an der Reegel dorun, datt eng Fruchthiel eidel ass. 75 Prozent vun alle Zwillingsschwangerschaften halen esou als klassesch Eenlingsschwangerschaften op. An op Basis vu genau deem Syndrom hunn d’Cathy Lucas an de Produzent Malcolm Catto elo e musikalesche Projet an d’Liewe geruff.

"Choose your Own Adventure" ass den Numm vum éischten Album vu Vanishing Twin. En ass frësch, Enn September, um Soundway Records Label released ginn. An tatsächlech, déi britesch Musekerin Cathy Lucas beschäftegt sech op dësem Album mat genau deem verschwonnenen Zwilling, deen si wéinst dem Vanishing Twin-Syndrom ni hat.

Musikalesch Föten

Mee keng Suerg, d’Musek an de ganzen Disque ginn ni um Konzept ënner. D'Lucas an hir Matmuseker aus aller Häre Banden a Formatioune sinn all ganz ënnerschiddlech musikalesch sozialiséiert ginn. A si hunn net just een, net zwee, ma eng Aberzuel u musikalesche Föten absorbéiert. Eleng stëmmlech gesi kéint ee mengen, datt d’Cathy Lucas déi illegitim Duechter ass, vun der Laetitia Sadier vu Stereolab an dem Sandy Denny vu Fotheringay.

Eigentlech ass et gelunn ze behaapten, "Choose your own Aventure" wier déi éischte Release vun dëser Band. D’Cathy Lucas huet sech scho vill mat dëser Musek beschäftegt - wann och just eleng ënnert dem Pseudonym Orlando a mat Hëllef vun MC-Kassetten. Ee Gléck, dat si déi Museker zesummegetrommelt huet, mat deene si elo dësen Disque erausbruecht huet.

Et gëtt net langweileg

De Bassist spillt mam Produzent "Floating Points" an dréint zum jazzy Sound bäi. D'Madame op der Batterie, d'Valentina Magaletti, ass fir den tribalen Touch verantwortlech. An de Phil M.F.U. war an der Zäit bei Broadcast fir de weirde Sound zoustänneg ... an esou weider an esou virun.

Et ass zimlech immens, wéi sech intelligente briteschen 1960s Barock Pop mam arkestralen Jazz à la Sun Ra d’Klensch an de Grapp ginn. Et ass Referenzmusek fir déi allergréisste Musekssnoben ... mol psychedelesch Filmmusek, mol Library Music - de BBC Radiophonic Workshop léisst gréissen - mol e Vibraphon an natierlech duerf d’Flütt net feelen.

An awer, tëscht Popcoden a fräie Strukture fléisst Musek smooth erduerch an iert ee sech verkuckt, ass déi Dräivéierelsstonn, déi den Album laang ass, eriwwer. Et ass en Album vun enger immens spannender Band, deen een erop an erof lauschtere kann, ouni datt et engem langweileg gëtt.


Choose Your Own Adventure ass eisen Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.