Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Cardigans - Lovefool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Zort mental Relaxatiounsübung

Musek

Eng Zort mental Relaxatiounsübung

Mat hirem Album "Refuge" zelebréieren déi zwee Museker Devendra Banhart an Noah Georgeson d'New Age Musek aus hirer Kandheet a loossen ee kuerz den Alldagsstress vergiessen. Eng nei Säit vum Indiefolk-Duo, déi Loscht op méi mécht.

auto_stories

3 min

Déif anootmen. D'Aen zoumaachen, ganz lues. Spiere wéi sech d'Gedanke sortéieren, den Otem bis an d'Spëtzt vun de Longe reecht. Rou. Wien fir esou meditativ Exercicer liicht empfänglech ass, wäert vill Freed um neien Album vum Devendra Banhart an dem Noah Georgeson hunn. Dësen nennt sech "Refuge" a beweegt sech tëschent melancholeschem Ambientsound a kitschegem New Age. Den Devendra Banhart, dat ass den Freak Folk Indiestar, dee virun allem mat sengem psychedelesche Mix aus Folk an Tropicalia Erfolleger verbucht. Mam Produzent a Komponist Noah Georgeson schafft hien zanter sengem Album "Cripple Crow" vun 2005 zesummen an obwuel "Refuge" réischt d'lescht Joer opgeholl gouf, ass d'Iddi dohannert schonn sou al wéi den zwee Museker hier Frëndschaft. Deemools beim Kenneléieren hunn si sech vill iwwert New Age Musek aus den 80er Joren ënnerhalen, well dës hier Kandheet staark gepräägt huet. De Banhart seet, si hätte wéilten een Album zesummen ophuelen, deen dëst nostalgescht Gefill verkierpert. Eng global Pandemie an déi resultéierend Isolatioun ware schliisslech de Setting fir dëse Projet endlech unzegoen.

De Release vum Album huet Iwwerwannung kascht

Ufanks sollt "Refuge" eng Zort Dokumentatioun vun engem stierwende Planéit sinn. Zesumme wollte béid Kënschtler Plaze bereesen, déi sech duerch de Klimawandel staark veränneren. De Coronavirus huet hinnen awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. "Et fillt sech no deem Intiimsten un, wat mir bis elo zesumme produzéiert hunn, dobäi war et déi éischte Kéier, datt mer net zesummen am Studio souzen", seet de Banhart iwwert d'Aarbecht um Album. Obwuel si just e puer Stroossen vun eneen ewech wunnen, hunn alle béid am Lockdown individuell un de Lidder geschafft an sech Iddien a Songs hin an hier geschéckt.
Datt et iwwerhaapt zu dësem Album koum, huet den Noah Georgeson e bëssi Iwwerwannung kascht. Als klassesch ausgebilte Komponist hätt et laang gedauert bis hien e richtegen Zougang zu der New Age Musek fonnt hätt - e Genre, dee jo oft als réngt esoterescht Hannergrondrausche beschmunzelt gëtt a wéi den Georgeson selwer seet laang Zäit immens oncool war. "Refuge" probéiert guer net sech dovun ze distanzéieren oder et ironesch klengen ze loossen. Villméi ass den Album wierklech als eng Zort mental Relaxatiounsübung ze verstoen. Zwee Lidder goufe souguer exklusiv op der Meditatiounsapp "Calm" released.

Schwéier sech dem Stil vum Album ze entzéien

Wärend dem Lockdown huet den Devendra Banhart vill Ambient gelauschtert, notamment vum grousse Pionéier vun dësem Genre, dem Harold Budd, mat deem de Banhart och eng kënschtleresch Frëndschaft verbonnen huet. "Ech hunn dësen Album och fir hie gemaach, mee leider ass hien d'lescht Joer verstuerwen, dat brécht mir d'Häerz", sot de Banhart kierzlech an engem Interview. Den Afloss vum Budd ass awer op ville Stécker um Album däitlech ze héieren. E melancholesche Piano an déi douce Harfkläng vun der Kënschtlerin Mary Lattimore treffen op "Refuge" op düster Dronesounds an orchestréiert Blosinstrumenter. Eng gewëss esoteresch oder spirituell Ausriichtung hëlleft sécherlech dobäi Refuge an de waarmen a schuckelege Klangtexture vum Album ze fannen. Mee och ouni Räucherstäberecher oder Chakren-Grondkenntnisser ass et schwéier sech dem Charme vun dësem musikalesche Réckzuchsuert ze entzéien.