Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revolutioun, Spionage a Paranoia

Brian Eno - Taking Tiger Mountain (By Strategy)

Revolutioun, Spionage a Paranoia

De geschéckten Englänner knabbert mat Konzept a gelungener Strategie u Pop Strukturen. Hie war net laang beim Glam Rock Outfit dobäi, éier hie 1974 seng Solocarrière lancéiert huet. Den Jamie Reinert kuckt zeréck.

auto_stories

4 min

Dem Brian Eno seng Carrière ass als Deel vum Bryan Ferry sengem Roxy Music ugaangen. Hie war awer net laang beim Glam Rock Outfit dobäi, éier hien 1974 seng Solocarrière lancéiert huet. Dat Joer huet hien net eng, mee direkt zwou Placken erausbruecht. "Here Come the Warm Jets" ass am Januar verëffentlecht ginn. Eng experimentell Studio Pop Produktioun. Déi zweet "Taking Tiger Mountain (By Strategy)" koum am November eraus, déi genee souvill, wann net esouguer méi bizar Momenter opweist.

Zwee Disken

Säin zweeten Disk ass u sech e Konzeptwierk, wou et ëm Revolutioun, Spionage a Paranoia geet. Am beschte sicht een net ze vill nom Sënn am deem Ganzen. Dat gesot sinn d'Texter ergräifend a poetesch. Um éischten Titel "Burning Airlines Give You So Much More" hantéiert de Brian Eno mat ville westleche Klischeeën iwwer Asien. Räisfelder, d'Lotussëtzpositioun komme vir, a China a Japan ginn ouni Schimmt an een Dëppe geheit.

Déi chinesesch kommunistesch Revolutioun ass e bëssen e Leitmotiv um Album. Den Titel "Taking Tiger Mountain" ass un enger Postkaart vun enger chinesescher Operett inspiréiert. Den (By Strategy) Deel ass eng aner Geschicht.

Theorie a Konzept

De Brian Eno ass bekanntlech en zimlech zerebrale Museker, dee vill mat Theorie a Konzept schafft. Bei senger viregter Scheif "Here Come the Warm Jets" huet hien eng Rëtsch Museker aus ganz verschiddene Genren an de Studio bruecht, huet anscheinend fir se gedanzt an eng Stëmmung geschafen, déi zu komesche Momenter geféiert huet.

De Brian Eno wollt seng Kreativitéit konstant fidderen a säi Bewosstsinn austricksen. Hien ass mat Strategie u seng Aarbecht erugaangen. Op "Taking Tiger Mountain" huet hie Kaarte fabrizéiert op deene kryptesch Messagë stoungen, wéi "Repetition is a form of change" zum Beispill. Hien huet op dës zeréckgegraff, falls hien hänke bliwwen ass, fir him eng frësch Direktioun unzeginn.

De Glam Rock Aspekt héiert een nach op "Taking Tiger Mountain (By Strategy)" eraus. Op alle Fall um Brian Eno senge puer éischte Scheiwen. Mat der Zäit ëmmer méi experimentell ginn. Mëttlerweil ass hien haaptsächlech fir seng innovativ Aarbecht a Saachen Ambient Musek bekannt.

Abstrakt an iwwerdriwwe Synthieen

Dem Brian Eno säin Instrument war virun allem de Studio. All déi elektronesch Apparater, Effekter a Knäppercher, mat deenen hien divers Kläng radikal ëmänneren a manipuléiere konnt. Et kritt een also vill abstrakt an iwwerdriwwe Synthesizer Kläng ze héieren op sengem zweeten Disk.

Am Studio ware säi Kolleeg vu Roxy Music, de Gittarist Phil Manzanera, de Robert Wyatt vu Soft Machine op Perkussioun a Backing Vocals, an de Batteur a Bassist vun der Pub Rock Band "The Winkies". Et dauchen awer och eng Rëtsch aner Museker vereenzelt op. D'Portsmouth Sinfonia, en experimentellen Orchester, bei deem kee säin Instrument beherrscht huet, oder och de Phil Collins.

De Brian Eno huet dat Onberechenbart kultivéiert. Seng kryptesch Inspiratiounskaarte waren Deel vun deem Gemitt. Beim Brian Eno geet et och an éischter Linn ëm d'Textur vun der Musek. D'Gesangsmelodië koume virum Text an hunn diktéiert, wat fir louchen Iddie schlussendlech verbaliséiert goufen.

"Taking Tiger Mountain (By Strategy)" huet och eng Plaz an der Geschicht vum Punk. "Third Uncle" ass e richteg réit Stéck, dat intensiv brennt an dacks als ee vun den éischte Beispiller vu Post-Punk zitéiert gëtt. Et héiert een, wou sech spéider Bands aus de 70er wéi "Gang of Four" vläicht inspiréiert hunn.

Déi pulséierend Bass-Linn, eckeg Gittar an d'Batterie, déi unhand vu mierwer Perkussioun vum Robert Wyatt nach méi nervös gemaach gëtt. "Third Uncle" schéngt all Moment vun Intensitéit ëmzekippen, an awer bleift alles iergendwéi zesummen.

"Taking Tiger Mountain (By Strategy)" ass net fir jiddwereen. Déi exzentresch an intuitiv Produktioun zesumme mat de gelungene Lidder-Strukturen an Disharmonië ginn op alle Fall un een. Virwëtzeg Ouere gi belount.