Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Kirby: Dezenten Arrangeur mat engem groussen Impakt

When the Day is Done

Robert Kirby: Dezenten Arrangeur mat engem groussen Impakt

De Robert Kirby wäert deene Meeschten onbekannt sinn. Dës Figur stécht awer hannert ville wichtege britesche Folk-Rock-Produktiounen aus de 70er. Seng wonnerschéi Sträicher- a Bléiser-Arrangementer héiert een op Stécker vun der Sandy Denny, Vashti Bunyan, dem John Cale an Nick Drake. Ace Records bréngen elo eng Kompilatioun zu sengen Éieren eraus: "When the Day is Done - The Orchestrations of Robert Kirby".

auto_stories

2 min

De Robert Kirby (an der Mëtt) am Studio (Foto: Famill)

Dem Robert Kirby seng Arrangementer hunn eng typesch englesch Qualitéit. Op der Ouverture vum Nick Drake sengem zweeten Album "Bryter Layter" aus dem Joer 71 klénge romantesch Sträicher, déi Biller vu ländleche Landschaften an England ervirruffen. Den intimisteschen Toun vum Nick Drake senger Gittar gëtt vum Robert Kirby sengem Arrangement weidergefouert. Op eng wonnerbar melancholesch an ënnerdriwwe Manéier.

Ouni dem Robert Kirby seng Arrangementer hätten dem Nick Drake seng Stécker net deen Impakt, dee se hunn. Seng Orchestratiounen hunn déi britesch Folk-Rock-Zeen staark gepräägt. Si ware bescheiden, net opdränglech an hunn d'Lidd perfekt ergänzt. Qualitéite vun deenen hie vu Kandheet u beaflosst gouf.

Mozart vum britesche Folk

1948 ass de Robert Kirby als Fils vu Working-class Elteren op d'Welt komm. Seng Passioun fir d'Musek huet hien am Kierchechouer entdeckt. Säin Talent huet schlussendlech zu sengem Stipendium vun der Cambridge University geféiert, wou hie Musek an Orchestratioun studéiert huet. Seng Carrière ass mat enger Renconter mat engem weidere Cambridge Student ugaangen: Dem Nick Drake. An engem Bréif u seng Elteren huet hien de Robert Kirby esou beschriwwen:

"He's a rather splendid fellow, and looks rather like Haydn or Mozart or someone, being rather short and stocky, with long wavy hair and rimless spectacles."

De Mozart vum britesche Folk huet d'Zeen immens markéiert. Och wa seng Aarbecht ni zum kommerziellen Erfolleg gefouert huet.

Musikalesch Entwécklung

Op "Ophelia's Song" vum Shelagh McDonald héiert een en ureegt Straicher- a Bléiser Arrangement vum Robert Kirby. Fir d'Vashti Bunyan huet den Arrangeur e Blockflütt-Quintett engagéiert, déi dëser Folk Legend hir delikat Stëmm a Gittar um Titel "Rainbow River" ganz onschëlleg ergänzt. Donieft huet de Robert Kirby seng Talenter och op Stécker vum John Cale oder Richard & Linda Thompson applizéiert. Eng Panoplie vu Kënschtler, déi een elo zesummen op der Kompilatioun "When the Day is Done - The Orchestrations of Robert Kirby" erëmfënnt.

Am Hierscht mam Elton John

Mat Punk an Disco ass Enn de 70er de britesche Folk-Rock lues verklongen, an de Robert Kirby huet eng aner Carrière ageschloen. Eréischt Enn den 90er huet hien de Wee zum Arrangéieren zeréckfonnt.

Ier hien 2009 am Alter vun 61 Joer gestuerwen ass, gouf hie vum Paul Weller oder och nach Elton John engagéiert.

Déi éischt Robert Kirby Kompilatioun déi den 23. Februar verëffentlecht gëtt, ass eng Zelebratioun vu britesche Folk-Rock a setzt d'Liewenswierk vun engem bescheidene Mënsch a Kontext.

E Museker, deen en originelle britesche Folk-Klang mat definéiert huet.