Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rome: viszeral a rotzeg

Live-Musek

Rome: viszeral a rotzeg

Dëse Samschdeg um 17 Auer spillt Rome eng Aircheck-Session. Den Neo-Folk Museker Jérôme Reuter gëtt en Abléck a säin neien Album "Parlez-Vous Hate?", wou Bruce Springsteen pastichéiert a manner iwwer d'Welt philosophéiert gëtt. De Concert gëtt vum 100,7 aus der Kulturfabrik live iwwerdroen.

auto_stories

3 min

Jamie Reinert: Däi Wierk "The Lone Furrow" gouf eréischt leschten August verëffentlecht, a schonn ass den nächste Rome-Album do. Wat erkläert dës Produktivitéit?

Jérôme Reuter: 100 ofgesote Concerten. Mir hate ganz einfach vill méi Zäit. Dofir ass alles e bësse méi séier gaangen, well mer och wollten trotz der Pandemie an allem e Liewenszeeche vun eis ginn, weisen, datt mer stuer genuch si fir einfach weider ze maachen.

Du bass jo awer och bekannt als een, dee relativ vill produzéiert. An der Vergaangenheet koume scho puer Mol zwee Albe vun dir an engem Joer eraus.

Jo, also dacks sinn et dann esou hallef Alben, eng Live-Session oder industrial Collagen, déi ech dann emol esou dertëschent drécken, mee esou e richtege vollwäertegen Album gëtt et normalerweis da just eemol pro Joer.

Do war dat hei elo effektiv zimmlech schnell geschoss, wou mer symbolesch op de Wiessel vum Joer gewaart hunn, an direkt am Januar domat erauskoumen. Wa mer souwisou näischt kënne plangen, kënne mer einfach schnell schéissen an da maache mer, wa mer erëm kënne plangen, en neien Album.

"Parlez-Vous hate?" ass wéi gesot wärend der Pandemie entstanen. Kéint ee soen, datt den Album e bëssen eng Momentopnam vu Frustratioun, vun Agespaart-sinn ass?

Absolut. Ech mengen, et ass pur Frustratioun dran. Et sinn och aner Momenter natierlech. All déi bei Rome involvéiert sinn, ware fréier a Punk-Bands, an ech mengen, dat spiert een hei zimmlech gutt.

Et dass elo kee-Punk Rock, mee déi Attitüd ass awer dran. Et ass sécherlech och eng Reaktioun op dat Agespaart-sinn am Endeffekt, wou een net onbedéngt wëllt gemittlech säi Pättche Rouden drénken an iwwer d'Welt philosophéieren, mee wou een einfach emol e bësse rose wëllt sinn.

Wat hues de da fir dech op dësem Album entdeckt? Iergendwellech Kenntnesser, nei Richtungen, Kläng, Inspiratiounen?

Et war dat Erfuersche vun der méi viszeraler Aart vu Rome. D'Leit soen heiansdo, datt bei Rome ze vill iwwerluet gëtt, oder et ass ze vill poséiert, ze vill düster. Dat hei ass a villen Hisiichte méi direkt. D'Lidder sinn doduerch méi agängeg ginn.

Dat ass fir mech ëmmer e spezielle Spagat, well ech sinn e Fan vu schéine Melodien, a wëll datt ee vläicht ka matsummen, mee de Content ass mer immens wichteg, an do wëll ech net, datt et ze vill platt gëtt, doduerch, datt et gefälleg ass. Hei hu mer de Spagat esou vollzunn, datt mer duerch eng gewësse Rotzegkeet a Frechheet doriwwer ewechtäuschen, datt et am Fong agaangen ass.

Jo, et kritt een en am Fong zimmlech agängeg Hymne gebueden. Lidder wéi "Born In The E.U." hu jo schonn en zimmleche Bruce Springsteen-Feel.

Dat ass natierlech eng Persiflage, wou een normalerweis net domadder kéint duerchkommen, mee ech mengen an Zäite vu Pandemie ass dat dann ok. Et ass natierlech puren Humor, wat relativ ontypesch ass fir eis, mee dat dierf elo einfach eng Kéier sinn.